Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister weiderzeleeden.

Iwwer d’Gebäerdesprooch an Ënnertitelen op Däitsch oder Lëtzebuergesch op der Televisioun kéinte vill gehéierbehënnert Persoune méi aktiv um gesellschaftlechen a kulturelle Liewe bedeelegt ginn. Dowéinst wollt ech den Här Kommunikatiouns- a Medieminister dës Froe stellen:

1. Wëll den Här Minister bei de lëtzebuergeschen Televisiounschaînen intervenéieren, fir datt bei den Emissiounen a virun allem bei de Neiegkeeten eng Iwwersetzung an d’Gebäerdesprooch ageblennt gëtt?

2. Wëll den Här Minister dofir suergen, datt a méi groussem Ëmfank, z.B. bei franséischsproochege Bäiträg, Ënnertitelen op Däitsch oder Lëtzebuergesch ageblennt ginn ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Äntwert ob déi parlamentaresch Fro no 2246 vum Honorabelen Deputéierten Fernand Kartheiser

1. Well den Här Minister bei de lëtzebuergeschen Televisiounschaînen intervenéieren, fir datt bei den Emissiounen a virun allem bei de Neiegkeeten eng Iwwersetzung an d’Gebäerdesprooch ageblennt gëtt?

Directive Télévison sans frontières, déi 2007 fir d’lescht iwwerschafft ginn ass, gesaït vir dass Mitgliedsstaten déi Televisiounschaînen, déi ënnert hirer Kompetenz ausstrahlen, encouragéieren fir dass hir Servicer progressiv besser accessibel ginn fir Persounen déi seibehënnert sinn oder schlecht héieren. Mir hunn Televisiounschaînen an engem Bréif op des Bestëmmungen higewisen an gefrot, dass Sie ons matdeelen wat se an dësem Kontext ënnerhuelen wëllen.

Et muss een awer wëssen dass déi meeschten Televisiounschaînen, déi ënnert lëtzebuergescher Kompetenz ausstrahlen, en ganz klengen Publikum erreechen an dass op der anerer Saït esou eng Mesure ganz déier ass an sech dofir fir déi kleng Chaînen net rechent.

CLT-UFA huet sech awer bereet erklärt fir ab 2013 e puer Emissiounen pro Joer mat Gebaerdesprooch (vun Lëtzebuergesch op Däitsch, well et get keen Fachmann deen Gebaerdesprooch vun Lëtzebuergesch op Franséisch beherrscht) ze iwwerdroen. Déi Emissiounen ginn mam Averständnes vun der Regierung erausgesicht an et wärt sech bei deenen Emissiounen ëm Emissiounen handelen déi engem ëffentlechen Interessi entspriechen.

Den Gesetzprojet, deen den Système de Surveillance an dem Medienberaïch ofänneren soll gesaït vir, der neier Autoritéit d’Missioun ze ginn fir Chaînen weider an dësem Domaine ze encouragéieren.

Wat onsen Service public ugeet esou steet an der convention de service public :

Art 1.3. Conscientes du fait, qu’il est important de veiller à ce que les personnes malentendantes aient accès au programme de télévision de service public, les parties s’engagent à étudier avec les acteurs concernés, et à mettre le cas échéant en œuvre, toute solution appropriée et économiquement viable qui aurait pour but de réaliser cet objectif.

Wei et aus dësem Artikel ervir geet, geet et net nëmmen em Gebäerdesprooch mä allgemeng ëm Moossnamen déi zum Zweck hunn, den sei- oder gehéierbehënnerten Leit den Service Public Programm besser zougânglech ze machen. An dësem Kontext well ech drop hiweisen, dass CLT-UFA jo schonn sait làngerem en Internetsite huet, op deem een sech iwwert verschidden Elementer déi och ausgestrahit ginn, kann informéieren.

2. Wëll den Här Minister dofir suergen, datt a méi groussem Empfank, z.B. bei franséischsproochege Bäitràg, Ënnertitelen op Däitsch oder Lëtzebuergesch ageblennt ginn?

Am Moment gëtt et keng Basis am Gesetz vum 27 Juli 1991 iwwert elektronesch Medien fir esou eng Verfiichtung virzegesinn. Wat dëse Punkt ugeet esou trefft och fir d’Ablenden vun Ënnertitelen, siff et op Däitsch oder Lëtzebuergesch, zou dass déi deier sinn an eng iwwerproportionéiert Charge fir den Televisiounsbedreiwer duerstellen, deem saïn Publikum oft net ganz grouss ass.

Wat den lëtzebuergeschen Televisiounsprogramm ugeet, esou ginn Noriichten souwuel mat franséischen wie daïtschen Ënnertitelen iwwerdroen.

Si kennen iwwert Videotext-Funktioun (Tafel 444 an 888) aktivéiert ginn.