[BEÄNTWERT] Echanges d’informations fiscales pour les entreprises

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

An engem Interview mat der internationaler Press huet den Här Finanzminister erkläert, datt Lëtzebuerg bereet wier, d’Bankgeheimnis och fir déi multinational Konzerner opzeginn. Wat d’Privatleit ugeet, wieren eng Rei perséinlech Donnéeë wéi d’Gehälter, d’Pensiounen oder d’Bezuelung vu Liewensversécherunge vum Informatiounsaustausch betraff.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Finanzminister an dem Här Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

  1. Firwat huet den Här Finanzminister net am Virfeld d’Chamber iwwer sou wichteg Decisiounen informéiert a consultéiert? Ginn dem Här Finanzminister seng Propositioune vun der ganzer Regierung gedroen?
  2. Ass am neien Héije Comité fir d’Industrie iwwer déi do Entwécklung diskutéiert ginn? Wéi stellen sech d’Vertrieder vum Patronat zum Här Finanzminister senge Propositiounen?
  3. Wéi eng Implikatiounen hunn déi do Propositiounen op eise Finanzsecteur, inclusiv dem Versécherungssecteur? Gouf mat de Vertrieder vun der Finanzplaz am Virfeld iwwer déi do Propositiounen diskutéiert?
  4. Wéi eng Implikatiounen hunn déi do Propositiounen insgesamt op de Wirtschafts- a Finanzstanduert Lëtzebuerg?
  5. Firwat wielt den Här Frieden an der Lescht exklusiv de Wee iwwer Zeitungsinterviewen an der internationaler Press fir Propositioune vun der Regierung bekannt ze ginn, an net de méi normale Wee vu Pressekonferenze mat Invitatioun un déi international Press? Ass dat net och e Manktum u Respekt géintiwwer dem Lëtzebuerger Pressewiesen?
  6. Firwat huet den Här Finanzminister grad lo déi do Konzessioune gemaach? Stoung hien ënner Drock am Kader vum G 20, vun der OECD, oder der EU? Wa jo, vu weem genee a wat gouf do gesot?
  7. Ass den Här Minister sech bewosst, datt déi international Press seng Propositiounen als en „180-Grad-Richtungswiessel“ an als en „Aknicken“ an en „Op-d’Knéie-falen“ vun eisem Land interpretéiert? Mengt den Här Minister, datt mir op déi Manéier nach iergendeng Credibilitéit a Verhandlungen hätten?
  8. Sinn an deene Beräicher vum Bankgeheimnis am Abléck EU-Direktiven an der Maach a wa jo, wat ass do déi Lëtzebuerger Positioun? Sinn dem Här Finanzminister seng Propositiounen an iergendengem Punkt iwwer dat rausgaang, wat eng strikt Interpretatioun vun den EU-Direktiven eventuell verlaangt hätt?
  9. Wéi eng Konsequenze kënnen déi do Propositioune vum Här Finanzminister op eise Staatsbudget hunn? Wéi wëll d’Regierung dat mannert Akommes kompenséieren, dat duerch dem Här Finanzminister seng Propositioune riskéiert ze entstoen?
  10. Plangt d’Regierung och Ännerungen am Beräich vun der Besteierung vun den Entreprisen, sief et an der Héicht oder an der Assiette, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn an Aktivitéiten am Ausland?
  11. Plangt d’Regierung Ännerunge bei der Besteierung vun de klengen a mëttleren Entreprisen oder Erhéijunge vun der direkter Steier bei de physesche Persounen?
  12. Wéi eng Informatioune genee wëll d’Regierung iwwer Privatleit un auslännesch Steierautoritéite viruginn? U wéi eng Länner a vu wéini un? Wéi e Stellewäert hunn de Schutz vun der Privatsphär, d’Confidentialitéit an den Datenschutz nach op der Finanzplaz Lëtzebuerg?
  13. Kann den Här Finanzminister garantéieren, datt all déi Finanzplazen, déi op briteschem Territoire leien, wéi zum Beispill op de Kanalinselen, déiselwecht Zesummenaarbecht mat de Steierautoritéiten offréieren ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Luc Frieden, Ministre des Finances

Deel dëse Post: