Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.

Den Här Wirtschaftsminister huet bekannt ginn, datt den SMS-Grupp 48,1% vun den Aktië vum Traditionsbetrieb Paul Wurth SA géif iwwerhuelen, e Betrib wou och de Staat direkt an indirekt grouss Undeeler huet.

Am Joer 2006 hat de Premierminister an der Chamber uginn, am Kontext vun der Iwwernahm vun Arcelor duerch Mittal: „Déi Garantie fir d’Stolstanduerter zu Lëtzebuerg hu mir awer kritt“. Haut wësse mer, wat dës Aussoe wäert sinn.

Am Kader vun der Transaktioun vum SMS-Grupp huet den Här Wirtschaftsminister der Press des Aussoe gemeet: „Die Regierung habe seitens des neuen Kapitaleigners sämtliche Garantien erhalten, die man eingefordert haben“.

An deem Kontext hunn ech dës Froen un den Här Wirtschaftsminister:

1) A wéi enger Form (mëndlech, schrëftlech an engem Dokument dat zougänglech ass, schrëftlech an den Dokument wat confidentiel soll bleiwen, …) huet d’Regierung dës Garantie kritt ?

2) Iwwert wéi eng Komponente droen dës Garantië (Standuerte, Zuel vun de Beschäftegen, Erhale vum Sozialmodell, Siège vun der Gesellschaft….) ?

3) Sollten, wéi am Fall Arcelor-Mittal, dës Garantien net agehale ginn, a wat fir enger Form kënnen se da virun de Geriichter ageklot ginn ?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Député

Réponse écrite de Monsieur Etienne Schneider, Ministre de l’Economie et du Commerce extérieur

Nodeems ArcelorMittal d’Regierung informéiert hat datt sie gedenken hire Pak Aktien vu Paul Wurth un den däitschen Familljebetrieb SMS ze verkafen, ass de Wirtschaftsministère an direkte Kontakt mat deenen Responsablen vun SMS getrueden.

Industriell gesinn ass SMS en interessanten Partner fir Paul Wurth, dien eng grouss Complementaritéit an der Produktgamme, e weltweit Vertriebsnetz a signifikant personell, finanziell an technologesch Ressourcen matbrengt.

SMS huet zougesot dat de Standuert Lëtzebuerg, de Sëtz vun der Gesellschaft, Zuel vun de Beschäftegten, den lëtzebuerger Sozialmodell erhale bleiwen an datt duurch Zesummenaarbecht mat SMS de weidere Wuestum vu Paul Wurth soll erméiglecht a gefordet ginn.

Eng positiv gesamtwirtschaftlech Entwécklung ass natierlech Virausssetzung heifir.

Ausserdeem huet SMS op Demande vum Wirtschaftsminister der Lëtzebuerger Regierung de Posten vum Prasident vum Verwaltungsrol vu Paul Wurth zougestan.

D’Engagementer vun SMS ginn an engem vertraulechen Aktioniirspakt festgehalen, dien um Punkt ass ënnerschriwwen ze ginn.

Et sief och drun erënnert datt den „closing“ vun dienen Transaktiounen nach net gemaach ass. Eng Rei vun kartellrechtlechen Froen mussen nach beäntwert ginn.