Autosindustrie zu Lëtzebuerg an der Kris?

Wann zwee Autozouliwwerer zu Lëtzebuerg bannent enger Woch iwwer 300 Aarbechtsplazen ofbauen wëllen, kann ee scho vu Kris schwätzen. Dat an engem ganz wichtege Beräich vun der Lëtzebeurger Wirtschaft, dem Secteur vun den Auto-Zouliwwerer. An dat bei Betriber, déi och an der ugewannter Fuerschung aktiv waren oder sinn, enger anerer wirtschaftlecher Aktivitéit, déi vun eiser Regierung héichgehale gëtt. Mat enger parlamentarescher Fro probéiert de Fernand Kartheiser dësem Saachverhalt op de Fong ze goen. Hie freet ënnert anerem och, ob et net déi vun eiser Regierung déck subventionéiert E-Mobilitéit ass, déi un der Kris vun den Autozouliwwerer mat Schold ass.

Deel dëse Post: