De 15. November hunn d’Deputéierten op d’Declaratioun vum zoustännege Minister zur Aussepolitik reagéiert. De Fernand Kartheiser huet drun erënnert, datt Lëtzebuerg am Kader vum Euro-Rettungsschierm eng Rei Souveränitéitsrechter un d’EU ofgetrueden huet, besonnesch wat d’Budgetspolitik ugeet. D’ADR ass der Meenung, datt Lëtzebuerg eng Währungsunioun brauch, mä datt Griicheland muss d’Eurozon verloossen. Zu wichtegen europäesche Froe sollen sech d’Bierger duerch Referendumen äussere kënnen. De Sëtz am UNO-Sécherheetsrot hätt dem Fernand Kartheiser no keng Prioritéit solle sinn. Den Ausseminister kéint sech allerdéngs nach méi staark dofir asetzen, datt Lëtzebuerg de Sëtz vum zukünftege Parquet européen kritt.