Ausliwwerung vu Lëtzebuerger Staatsbierger un d’Ausland

Ënner wéi enge Bedéngunge liwwert d’Regierung Lëtzebuerger Staatsbierger un d’Ausland aus? De Fernand Kartheiser a Roy Reding froen no:

Fro:

Reegelméisseg liest een an den internationale Medie vun Ausliwwerunge vu bekannte Perséinlechkeeten un en auslännesche Justizsystem. Dëst féiert oft zu heftege Reaktiounen a Kontroversen. Fir e Rechtsstaat ass et ëmmer mat politesche Risike verbonnen, wann e Staatsbierger un e Land ausgeliwwert gëtt, dat net onbedéngt fir seng rechtsstaatlech Praktike bekannt ass. Et stellt sech dann ëmmer d’Fro, ob der betreffender Persoun am Land, un dat si ausgeliwwert gëtt, Folter oder aner mënschenonwierdeg Behandlungen drohen, schlëmmstefalls souguer d’Doudesstrof.

An deem Kontext hu mir folgend Froen un d‘Regierung:

  • Wéi eng Bedéngunge mussen erfëllt sinn, ier Lëtzebuerg e Staatsbierger un en anert Land ausliwwert?
  • Wéi gëtt séchergestallt, datt dem Lëtzebuerger Staatsbierger am Land, un dat hien ausgeliwwert gëtt, keng Folter oder souguer d’Doudesstrof drot?
  • Mat wéi enge Länner huet Lëtzebuerg bilateral Verträg ofgeschloss, wat Ausliwwerungen ugeet?
  • Wéi verhënnert d’Regierung, datt en ausgeliwwerte Staatsbierger am Land, un dat hien ausgeliwwert gëtt, net wéinst weideren, an der Ausliwwerungsrequête net ernimmt Strofdote verfollegt gëtt bzw. un en Drëttstaat weider ausgeliwwert gëtt?
  • Wéi eng Instanz decidéiert zu Lëtzebuerg iwwer déi rechtlech Zoulässegkeet vun der Ausliwwerung?
  • Kann d’Regierung confirméieren, datt e Lëtzebuerger Staatsbierger, deen aus bestëmmte Grënn net ausgeliwwert gëtt, hei zu Lëtzebuerg wéinst deenen him zur Laascht geluechte Strofdoten ugeklot ka ginn? Wéi oft ass dëse Fall an deene leschten zéng Joer applizéiert ginn?

Äntwert:

Ad Fro 1)
Aleedend zu där Fro ass ze bemierken, dass et entscheedend dovun ofhänkt wéi en anere Staat
eng Ausliwwerung ufreet, an och ëm wéi eng Strofdot oder Strofdoten et am Eenzelfall genau
geet, well déi Aspekter d’Regelen determinéieren déi sech dann applizéieren.
Wann dee Staat, deen eng Demande fir eng Ausliwwerung u Lëtzebuerg riicht, en aneren EU
Memberstaat ass, dann applizéiert sech de sougenannte “mandat d’arrêt européen”, deen zu
Lëtzebuerg mat engem Gesetz vum 17. Mäerz 2004 (“loi modifiée du 17 mars 2004 relative au
mandat d’arrêt européen et aux procédures de remise entre Etats membres de l’Union
européenne”) ëmgesat ginn ass. An deem Kader ass zum Beispill déi traditionell Regel, no där kee
Staat seng eege Staatsbierger ausliwwert, opgehuewe ginn. Och déi aner traditionell Regel vun
der sougenannter “double incrimination”, déi beseet dass déi Strofdot fir déi d’Ausliwwerung
gefrot gëtt och zu Lëtzebuerg duerch d’Gesetz muss virgesi sinn, ass an deem Kader opgehuewe
ginn, wann et sech ëm déi 32 grave Strofdoten handelt, déi am Artikel 3, Paragraph 3, vum
Gesetz vum 17. Mäerz 2004 opgelëscht sinn.
Wann dee Staat, deen eng Demande fir eng Ausliwwerung u Lëtzebuerg riicht, e Memberstaat
vum Conseil de l’Europe ass, an awer keen EU Memberstaat ass, dann applizéiert sech déi
europäesch Ausliwwerungs-Conventioun vum 13. Dezember 1957 (“Convention européenne
d’extradition du 13 décembre 1957”), déi vu Lëtzebuerg duerch e Gesetz vum 21. Juli 1976
approuvéiert ginn ass. An deem Kader huet Lëtzebuerg zum Beispill déclaréiert, dass et keng
Staatsbierger ausliwwert, an dass zu de Staatsbierger och déi Auslänner, also Net-Lëtzebuerger,
dobäi ze ziele sinn, déi sech zu Lëtzebuerg integréiert hunn, wann déi Leit kënnen zu Lëtzebuerg
kënnen de Prozess gemaach kréie fir déi Strofdot oder Strofdote fir déi d’Ausliwwerung gefrot gi
war. An dësem Kader gëllt d’Regel vun der “double incrimination”, wéi uewe beschriwwen, awer
weider.
Wann dee Staat, deen eng Demande fir eng Ausliwwerung u Lëtzebuerg riicht, weder e
Memberstaat vum Conseil de l’Europe nach en EU Memberstaat ass, dann applizéieren sech
erëm aner Regelen. Do ginn et eng ganz Rëtsch vu bi- a multilaterale Conventiounen, wéi zu
Beispill mat de Vereenegte Staate vun Amerika oder mat Australien, déi jeeweils änlech mee
verschidden Conditioune kënne virgesinn. Do derniewent applizéiert sech och dat
lëtzebuergescht Gesetz vum 20. Juni 2001 iwwer d’Ausliwwerungen (“loi modifiée du 20 juin
2001 sur l’extradition”), an dat besonnesch an deene Fäll, wou e Staat zu Lëtzebuerg eng
Ausliwwerung ufreet, ouni dass et zwëschen deenen zwee Staaten eng Conventioun gëtt.
Do derniewent gëtt et am Kader vun der UNO och nach eng Rëtsch vun “thematesche”
Conventiounen, wéi zum Beispill géint grenziwwerschreidend organiséiert Kriminalitéit,
Mënschenhandel oder Korruptioun, déi dann awer och nach eenzel speziell Bestëmmunge fir
d’Ausliwwerunge virgesinn.
Dat lëtzebuergescht Gesetz vum 20. Juni 2001 iwwer d’Ausliwwerungen gesäit och nach aner
eenzel Fäll vir wou eng Ausliwwerung refuséiert gëtt, zum Beispill wann et sech ëm e
Mannerjäregen handelt, oder ëm eng politesch oder eng militäresch Strofdot.
Ofschléissend zu där Fro muss een also feststellen, dass een déi net ka pauschal mat enger Lëscht
vun eenzelne Conditioune beäntwerten, well déi Conditioune ganz verschidde sinn en Fonctioun
vun der Fro, wéi e Staat eng Ausliwwerung ufreet, an ëm wéi eng Strofdot oder Strofdoten et
sech konkret am Eenzelfall handelt.
Ad Fro 2)
D’EU Charte vun den Grondrechter an och d’Mënscherechts-Conventioun, zesumme mam
Protocole N° 13 zu där Conventioun, gesi fir, dass Lëtzebuerg eng Ausliwwerung ka refuséieren,
oder nëmmen ënner der Garantie accordéiert, dass déi ausgeliwwert Persoun net zur
Doudesstrof veruerteelt gëtt oder dass déi Strof net dierf exekutéiert ginn, an och kenger Folter
oder onmënschlecher oder degradanter Behandlung dierf ausgesat ginn. Änlech Reserven a
Garantië sinn och vun deenen Texter virgesinn, déi an der Äntwert op déi éischt Fro ernimmt
sinn. D’Fro vun den Affekotekäschte sinn an deenen Texter net speziell geregelt, well dat ëmmer
eng Fro vun der Proportionnalitéit am Eenzelfall ass, déi natierlech ganz entscheedend vun de
finanzielle Ressourcë vun der ausgeliwwerter Persoun ofhänkt, an och vun dee Regele vun deem
jeeweilege Staat iwwer déi finanziell Rechtshëllef (“assistance judiciaire”).
Ad Fro 3)
Wéi an der Äntwert op déi éischt Fro schonn ernimmt ginn ass huet Lëtzebuerg eng bilateral
Ausliwwerungs-Conventioun mat de Vereenegte Staate vum Amerika a mat Australien. Bis elo
ass nach ni e Staatsbierger opgrond vun deene Conventiounen ausgeliwwert ginn.
Ad Fro 4)
An all deenen Texter, déi an der Äntwert op déi éischt Fro ernimmt ginn, gëllt déi sougenannte
Spezialitéits-Regel (“règle de la spécialité”) déi beseet, dass eng ausgeliwwert Persoun an deem
Staat un déi se ausgeliwwert gëtt nëmmen dierf de Prozess gemaach kréie fir déi Strofdot oder
Strofdoten, fir déi d’Ausliwwerung gefrot an accordéiert ginn ass. Sollt dee Staat no der
Ausliwwerung awer envisagéiere fir déi Persoun fir eng aner Strofdot ze poursuivéieren, da kann
dat nëmme gemaach ginn opgrond vun enger komplementärer Prozedur zwëschen deenen zwee
Staaten, sou wéi dat vun deene respektiven Texter virgesinn ass. Dat selwecht gëllt, wann dee
Staat déi betraffe Persoun wëll un en anere Staat weider ausliwweren.
Ad Fro 5)
Och bei dëser Fro hänkt d’Äntwert dovun of, a wéi engem rechtleche Kader de Fall sech
beweegt.
Am Kader vun der EU décidéiert d’Chambre du Conseil vum Bezierksgeriicht, oder op Appel
d’Chambre du Conseil vun der Cour d’appel, op eng Persoun un en aneren EU Memberstaat
ausgeliwwert gëtt.
An der Relatioun mat EU Drëttstaate gesäit d’Extraditiouns-Gesetz vum 20. Juni 2001 vir, dass
d’Chambre du Conseil vun der Cour d’appel e motivéierten Avis ofgëtt, an dass duerno de
Justizminister, op Basis vun de Piècë vum Dossier a vum motivéierten Avis, décidéiert op déi
Persoun ausgeliwwert gëtt. Ze bemierken ass do, dass dat Gesetz a sengem Artikel 21, Paragraph
2, Alinea 2, ausdrécklech virgesäit, dass eng Ausliwwerung nëmme kann op “avis conforme” vun
der Chambre du Conseil accordéiert ginn. Dat heescht, dass Lëtzebuerg eng Persoun net kann
ausliwweren, wann d’Chambre du Conseil en “avis défavorable” fir d’Ausliwwerung ginn huet.
Ad Fro 6)
Déi Fro bezitt sech op de Prinzip vum “aut dedere aut judicare” dee beseet, dass wann e Land
eng Persoun net ausliwwert, da muss dat Land déi Persoun selwer jugéieren. Dee Prinzip ass an
deenen Texter, déi an der Äntwert op déi éischt Fro ernimmt gi sinn, als verbindlech Regel
virgesinn. Ganz allgemeng ass dee Prinzip och nach am Artikel 7-4 vum Code de procédure
pénale virgesinn. Wat d’Fro no der Zuel vun deene Fäll betrëfft ass ze bemierken, dass de
Computer-Programm mat deem de Parquet Général och d’Ausliwwerungs-Dossiere geréiert (“JuCha”) net konzipéiert ginn ass fir eenzel Fäll op Basis vun deem ugeschwatene Kritär eraus ze
sënneren. Dofir ass et net méiglech fir déi Zuelen unzeginn.

 

Deel dëse Post: