Auslännerwalrecht: firwat dann nach Lëtzebuerger ginn?

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Sollen – mussen – d’Auslänner un de Wale fir d‘nationaalt Parlament deelhuelen?

Esou eng Debatt gëtt wuel nëmmen zu Lëtzebuerg gefouert. D‘Auslännerwalrecht fir d‘Chamber opmaachen: dëst gëtt vun den anere Parteie vertratt, nëmmen d‘ADR ass kategoresch dergéint!

Et gëtt kaum e Land, wou proportional méi Auslänner wunne wéi zu Lëtzebuerg.

D‘ADR war ëmmer dermat d‘Accord, datt si um Aarbechtsmarché, an der sozialer Sécherheet an a villen anere Beräicher mat de Lëtzebuerger gläichgestallt sinn. Grad esou ass d‘ADR averstanen, datt Auslänner däerfe bei de kommunale Walen a bei der Wiel fir d‘Europaparlament partizipéieren. D‘ADR ass awer kategoresch dogéint, datt Nët-Lëtzebuerger un de Chamberwalen deelhuelen, well et hei ëm national Souveränitéitsrechter geet.

Esouguer an den europäeschen Traitéë gëtt festgehalen, datt gewësse Funktioune beim Staat fir déi national Bierger reservéiert bleiwen. Et sinn déi, déi mat der Souveränitéit zesummenhänken.

Wat bleift nach vun der nationaler Souveränitéit iwwreg, wann och Auslänner däerfe matbestëmmen, wien an d‘Chamber kënnt? Wa bei der Chamber och Net-Lëtzebuerger däerfe wielen, ass et logesch, datt dann och déi ganz Fonction publique fir Auslänner opgemeet gëtt.

Matbierger, déi bei der Gebuert d‘Lëtzebuerger Nationalitéit net haten, déi awer hei hir Plaz fonnt hunn, däerfe Lëtzebuerger ginn. Si mussen dofir, mam Gesetz iwwert déi duebel Nationalitéit, net mol op hir Wuerzele verzichten.

Wisou sollen se wielen däerfen (mussen) goen, wann se et net fir néideg halen, d‘Lëtzebuerger Nationalitéit unzefroen? Wann se och nach bei de Chamberwalen däerfte matmaachen, wéi en Interêt hätten 07e dann nach fir sech ëm d‘Lëtzebuerger Nationalitéit ze beméien?

Jo, et stëmmt, fir Lëtzebuerger ze ginn, muss ee Lëtzebuergesch kënnen. Dëst muss een och fir an der Politik matzelauschteren a matzeschwätzen. Oder soll ons Sprooch net méi an der Chamber an an de Gemengeréit benotzt ginn?

Fir d‘ADR ass et kloer: Integratioun iwwert d‘Sprooch an d‘Nationalitéit ass en éischten an noutwennege Schratt fir un der nationaler Politik deelzehuelen. Dowéinst muss och de Prinzip, datt nëmmen d‘Lëtzebuerger un de Chamberwalen deelhuelen, an der Verfassung verankert bleiwen.

Fir datt muer nach d‘Lëtzebuerger bestëmmen, wien an d‘Chamber kënnt, wielt ADR!

Deel dëse Post: