Auslännesch Dokteren, déi hei am Land praktizéiere wëllen

Jidderee weess, datt mer net genuch Dokteren hei am Land hunn. Trotzdeem leet d’Regierung verschiddenen auslänneschen Dokteren, déi hire Beruff bei eis ausübe wëllen, onnéideg Steng an de Wee. De Jeff Engelen freet no.

Fro:

Et ass kee Geheimnis, datt et eisem Land a ville medezinesche Beräicher un Doktere feelt. Dofir ass et verwonnerlech, datt vill Demandë vun Dokteren, déi hei am Land praktizéiere wëllen an deenen hir Diplomer an anere Länner unerkannt goufen, vum Gesondheetsministère ofgeleent ginn. Eis si Fäll vun auslänneschen Dokteren zu Ouere komm, déi net nëmme vergeblech op eng entspriechend Autorisatioun, mee och vergeblech op eng Äntwert vum Ministère gewaart hunn.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt verschidden Demandë vun auslänneschen Dokteren, fir hei am Land praktizéieren ze kënnen, net fristgerecht beäntwert kënne ginn? Wa jo, aus wéi enge Grënn ass dat net méiglech?
  • Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi vill Persounen am Ministère dofir zoustänneg sinn, fir Autorisatiounsdemandë vun auslänneschen Dokteren ze evaluéieren? Wéi eng Qualifikatioune mussen déi Leit hunn? Wéi vill Demandë musse si pro Kapp am Joer beäntweren?
  • Wéi vill Autorisatiounsdemandë goufen an deene leschte fënnef Joer vun auslänneschen Doktere gestallt? Wéi vill vun dëse Leit krute bis elo keng Äntwert? Wéi vill Demandë goufen ofgeleent? Aus wéi enge Grënn goufen déi Demanden ofgeleent?

Äntwert:

De Gesondheetsministère kann net bestätegen datt vill Demanden vun Dokteren, déi hei am Land praktizéiere wëllen an deenen hir Diplomer an anere Länner unerkannt goufen, vum Gesondheetsministère ofgeleent gi sinn. Soubal en Dokter an engem aneren Etat Membre unerkannt an autoriséiert ass, kann en och hei am Land eng Aarbechtserlaabnis kréien.
1. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt verschidden Demandë vun auslänneschzen Dokteren, firhei am Land praktizéieren ze kënnen, net fristgerecht beäntwert kënne ginn? Wa jo, aus wéi enge Grënn ass dat net méiglech?
De Gesondheetsministère mécht keen Ënnerscheed zwëschen den Nationalitéiten vun den Demandeuren oder den Originen vun den Diplomer. Allerdéngs kann et bei vereenzelten komplexen Demanden zu längeren Délais de traitement kommen, gegebenefalls mussen mir Dokumenter nofroen oder punktuell mat de Leit kucken Léisungen ze fannen.
2. Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi vill Persounen am Ministère dofir zoustänneg sinn, fir Autorisatiounsdemandë vun auslänneschen Dokteren ze évaluéieren? Wéi eng Qualifikatioune mussen déi Leit hunn? Wéi vill Demandë musse si pro Kapp am Joer beäntweren?
Sämtlech Demandes d’autorisation d’exercer vun Dokteren ginn zur Zäit vun 2 ETP aus der Carrière B1 couvréiert. Zu den Demandes d’autorisation d’exercer gehéieren souwuel déi definitiv Autorisatiounen, déi temporaire Autorisatiounen fir d’MEVS (Médecins en voie de spécialisation) an d’Prestations de services. 2021 hunn mir 345 Autorisatiounen ausgehändegt, 20 Prestations de services an 277 temporaire Autorisatiounen, mee mir wëlle bemierken dass d’Unzuel vun Demanden méi héich ass wéi d’Unzuel vun den Autorisatiounen.
3. Wéi vill Autorisatiounsdemandë goufen an deene leschte fënnef Joer vun auslänneschen Dokteregestallt? Wéi vill vun dëse Leit krute bis elo keng Äntwert? Wéi vill Demandë goufen ofgeleent? Aus wéi enge Grënn goufen déi Demanden ofgeleent?
Den Gesondheetsministère huet keng Zuelen wéivill Demanden alleng vun auslänneschen Dokteren erakomm sinn. Allerdéngs kënnen mir soen dass vun 2017–2021 souwuel fir lëtzebuergesch Dokteren wéi och fir auslännesch Dokteren 1.499 definitive Autorisatiouns d’exercer ausgestallt goufen, 94 Prestations de services an 1.306 temporaire Autorisatiounen. Et goufen an deenen fënnef lëschten Joer 5 Demandes d’autorisation d’exercer ofgeleent. Demanden ginn ofgeleent wann déi gesetzlech Conditiounen net erfëllt sinn, zum Beispill wann den gefuerderten Diplom net virläit. 
De Gesondheetsministère suergt dofir datt sämtlech Demanden sou kuerzfristeg wéi méiglech traitéiert ginn. Den Délai moyen de traitement fir eng éischt Äntwert an Forme vun engem Accusé de réception ze kréien leit zwëschen 1–4 Wochen. Wann den Dossier komplett ass, gëtt en Avis beim Collège médical gefrot. Wann dëst net den Fall ass, gëtt den Kandidat gebieden déi zousätzlech Piècen nozereechen. Dat ass aktuell bei 101 Dossier’en den Fall. Dësen Ëmstand kann dann zu Verzögerungen féieren am Délai de Traitement vum Dossier.
Déi Dossier’en déi komplett sinn an en Attente vun engem Avis sinn, belafen sech aktuell op 75 Stéck.
Ingesamt 21 Dossier’en sinn zur Zäit nach net beaarbecht ginn.

 

Deel dëse Post: