Auslännerwalrecht an de Gemengen: d’ADR reagéiert

Mat engem Pressekommunikee huet d’ADR op de Virstouss vun der Regierung reagéiert, d’Auslännerwalrecht an de Gemengem vum éischten Dag vum Wunnsëtz un anzeféieren. Eis Partei ass domat net d’accord, fir eis kéim héchstens eng Verkuierzung vum Delai vun aktuell 5 op 3 Joer a Fro. Lëtzebuergesch verstoen a seng Gemeng e bësse kennen sollt ee schonn, wann ee wëll de Gemengerot wielen.

Deel dëse Post: