Ausbildung vu Sécherheetsexperten

D’Héichschoulbildung, net just zu Lëtzebuerg, mee allgemeng an Europa, huet sech an der Vergaangenheet nëmme lues un d’Tech-Industrie ugepasst, déi sech permanent verännert. Beräicher wéi digital Forensik, Kryptographie an Ethical Hacking hu sech als Studiegäng bis elo net an deem Mooss etabléiert an duerchgesat, wéi dat am Hibléck op déi ëmmer méi grouss Geforen am Beräich Cybersécherheet de Fall misst sinn. Ëmsou méi stellt sech d’Fro, wéi eis Héichschoulen an Zukunft hire Bäitrag am Kontext vun der nationaler Strategie géint Cyberkriminalitéit leeschte kënnen. 

Deel dëse Post: