… aus eise Primärschoulen nees gutt Schoule maachen!

Schoul_1

E Gesetz fir d’Weiderbildung beim Grondschoulpersonal ze verbesseren, war de 15. November virun der Chamber. De Fernand Kartheiser an d’ADR hunn dat Gesetz matgestëmmt, awer net ouni Kritik. Den ADR-Deputéierten huet dräi Kärfuerderunge vun enger ADR-Schoulpolitik genannt:

  • De Niveau vun eiser Schoul muss eropgoen, a Leeschtung muss belount ginn.
  • De Schoulsystem soll d’Wäerter vun eiser Gesellschaft an hirer Dräisproochegkeet a mat hiren Traditiounen weiderginn.
  • D’Lëtzebuerger Sprooch huet an deem System als National- an Integratiounssprooch eng zentral Roll.

Wat d’Weiderbildung ugeet, huet de Fernand Kartheiser Wäert drop geluecht, datt d’Offer sproochlech an thematesch de wierkleche Besoinen vum Personal muss déngen. Hien huet op d’Schwächt vun der Gambia-Schoulpolitik higewisen, well d’Regierung d’Leitlinnen vun hirer Politik muss zesumme mat enger Gewerkschaft festleeën. Opmierksam huet den ADR-Deputéierten op déi laang Lëscht vu Schoulännerunge gemaach, déi Gambia ugekënnegt hat an déi entweder guer net oder just verwässert ëmgesat gi sinn, wat weist, wéi hëlleflos d’Regierung bei Schoulfroen ass.

Deel dëse Post: