Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro (question urgente) un den Här Premierminister, den Här Finanzminister an den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture weiderzeleeden.

D’Gesellschaft CARGOLUX brauch eng Erhéijung vum Kapital. Am Ament hält de Lëtzebuerger Staat indirekt 65% vum Kapital, on d’Fluggesellschaft Qatar Airways 35%.

Enn Mäerz, no enger Reunioun mam OGBL, hunn de Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an de Wirtschaftsminister „confirméiert“, datt déi Lëtzebuerger Aktionären hiren Undeel bei 65% wëlle behalen.

Elo, de 27. September, huet de Wirtschaftsminister op enger Auslandsrees dës Aussoen awer a Fro gestallt, an nët ausgeschloss, datt d’Part vu Qatar Airways kann iwwert 35% erausgoen.

D’Press ernimmt regelméisseg e „shareholder agreement“ aus deem erausgeet, datt d’Participatioun vu Qatar Airways nët daerf iwwert 49% eraus goen.

Opgrond vun der rezenter Ausso vum Wirtschaftsminister géif ech gär dës dréngend Froen un d’Regierung stellen:

1. Huet d’Lëtzebuerger Regierung nach ëmmer de Wëllen, direkt an indirekt 65% vum Undeel um Kapital bei der Cargolux ze halen ? Wa jo, iwwert wéi e Wee well se dëst erreechen ?

2. Kann d’Regierung versécheren, datt keng Investiounsfirme mat Sëtz zu Lëtzebuerg, déi awer majoritär vum Qatar kontrolléiert ginn, an déi 65% erafalen?

3. Kann d’Regierung bestätegen oder dementéieren, datt et de „shareholder agreement“ gëtt, an deem Qatar Ainways säin Undeel um Kapital bis op 49% kann opstocken?

4. Ass d’Regierung der Meenung, datt Cargolux fir d’Lëtzebuerger Economie eng „systemesch“ Entreprise ass, déi et verdéngt, datt de Lëtzebuerger Staat déiselwecht Efforte bei der Rettung mécht, wei en dat an der rezenter Vergaongenheet fir Banke gemeet huet?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Äntwert vum Premierminister, vum Finanzminister an vum Minister vun der Nohaltegkeet an den Infrastrukturen op déi dréngend parlamentaresch Ufro n°2327 vum 28. September 2012 vum Här Deputéierten Fernand Kartheiser

D’Äntwerten op d’Froen vum honorabelen Deputéierten Fernand Kartheiser iwwert d’Cargolux sinn folgend:

Ad. 1. D’Zilsetzung bei enger méiglecher Kapitalerhéijung vun der Cargolux ass dat weiderhin 65% vum Kapital an den Hänn vun Lëtzebuerger Aktionären bleiwen, esou laang dëst am Aklang mat den europäeschen Regelen kann erfollegen wat ënner anerem en viabelt Geschäftmodell bedéngt. Dëst géif iwwert d’Ausübung duerch déi verschidden Aktionären vun hirem prefentiellen Souscriptiounsrecht bei der Emissioun vun néien Aktien geschéien.

Ad. 2. D’Participatioun vun enger Firma am Kapital vun enger aner Firma gëtt der éischter Firma Rechter am Aktionnariat vun der zweeter Firma. Mais all Firma huet eng eegen juristesch Personalitéit déi sech ënnerscheet vun där vun sengen Aktionären.

Dobäi kënnt dat déi maximal Participatioun déi en nët europäeschen Aktionär an enger europäescher Fluggesellschaft kann hunn net 49% däerf iwwersteigen wéinst den Nationalitéitsklauselen déi bei den accords aériens bestinn. Dësen Maximalseuil gëtt net par rapport zum Sëtz vun enger Gesellschaft mee par rapport zum effektiven „Contrôle“ vun enger Gesellschaft gekuckt. Och gesäit déi europäesch Reglementatioun fir dat op d’mannst 50% vum Kapital vun enger Fluggesellschaft direkt oder indirekt an den Hänn an ënner dem effektiven Kontroll vun europäeschen Bierger oder europäeschen Staate muss sinn fir dat en europäeschen AOC (Aircraft Operator Certificate) Bestand huet.

Ad. 3. Aus deenen uewegenannten Ursaachen kann déi maximal Participatioun vun der Qatar Airways an der Cargolux nët iwwer 49% erausgoen.

Ad. 4. D’Cargolux ass fir déi Lëtzbuerger Économie e wichtegen Acteur, och a besonnesch well d’Cargolux duerch hier staark Präsenz um Findel an um europäeschen Wueremarché d’Réckgrad vun der Logistikplatform Lëtzebuerg ass. D’Logistik ass jo een vun den Secteuren déi d’Lëtzebuerger Regierung als prioritär fir d’Diversifïkatioun vun der Économie definéiert huet. Dowéinst verfollegt de Staat och d’Entwécklung bei der Cargolux vun ganz no.

D’Beweegungsfräiheet wat eng direkt oder indirekt Interventioun vum Staat bei der Cargolux ugeet ass duerch den europäeschen Kader vun den staatlechen Hëllefen staark ageschränkt, woubäi den Prinzip deen ass dat de Staat wéi en Investisseur privé en économie de marché agéieren muss fir dat d’Konkurrenz tëschent den europäeschen Fluggesellschaften nët negativ beaflosst gëtt.