Amerikaneschen Drock op Lëtzebuerger Bankkaarten

Et kann op den éischte Bléck wéi eng Banalitéit wierken, op den Zweeten handelt et sech awer ëm en Thema mat extremer Sprengkraaft. Déi traditionell lëtzebuergesch an zum Deel och europäesch Bankkaarte vum Typ V-Pay, Giro-Card asw. ginn ëmmer méi zugonschte vun amerikanesche Kreditkaarten, notamment der VISA aus dem Maart gedrängt. Wann eis Ubidder hei net gestäerkt ginn, kënnen amerikanesch Firmaen net nëmmen eisem Eenzelhandel ëmmer méi hir Konditiounen diktéieren, mee d’Bierger geroden och an eng laangfristeg geféierlech Ofhängegkeet vum politesche gudde Wëlle vun de Vereenegte Staaten. Wéi reagéiert d’Regierung op nationalem an europäeschem Plang op dës bedenklech Entwécklung?

Deel dëse Post: