Alex Penning: eise Kandidat fir de Staatsrot!

Eng ganz wichteg Fuerderung vun der ADR schéngt elo an Erfëllung ze goen. D’Plazen am Staatsrot ginn iwer eng genee festgeluechte Prozedur besat, zu gläichen Deeler vum Grand-Duc (der Regierung, also), der Chamber an dem Conseil d’État selwer. Déi traditionell Parteien hu sech déi Plazen ëmmer opgedeelt. Dofir huet d’ADR scho jorelaang gefuerdert, dat och hirer Membere missten an de Staatsrot. Haaptargument dofir war d’Representativitéit vun der Partei, déi iwwer laang Joeren a kontinuéierlech am der Chamber mat villen Deputéierte vertrueden ass.

Dobäi hat d’ADR och d’Ënnerstëtzung vun anere Parteien, déi dës Argumenter matgedroen an déi esou Solidaritéitsmesuren versprach haten. Bewegung ass an dësen Dossier ënner Gambia entstan. Tatsächlech huet d’Regierung der ADR elo offréiert, e Kandidat fir eng Plaz am Staatsrot ze nennen, dat am Respekt vun deem Profil, deen de Staatsrot fir déi fräi Plaz ausgeschriwwen huet. En Dënschdeg den Owend, 26. Abrëll, huet de Nationalkomitee vun eiser Partei deen Dossier beroden. Eestëmmeg huet sech dat iewescht Parteigremium fir eng Kandidatur vum Me Alex Penning ausgeschwat. Den Alex Penning ass Generalsekretär vun der ADR an huet eng Maîtrise en droit (mention professions judiciaires)  vun der Université Paul Verlaine vu Metz. Hien ass Affekot, spezialiséiert an Droit du Travail, Droit de la Sécurité sociale an Droit pénal. Dat ass genee de Profil, deen de Staatsrot sicht, an de Me Penning schafft a senger Etude zum gréissten Deel a mat vill Freed genee op esou Dossieren.

Den Alex Penning ass den 30. Januar 1975 gebuer a war vun 2013 bis 2014 President vun der Conférence du Jeune Barreau de Luxembourg. Gëschter ass den offizielle Bréif mat der Kandidatur vum Alex Penning un den Här Staatsminister Xavier Bettel erausgaangen. D’Partei hat et sech net einfach gemaach. De Nationalkomitee hat dräi erfueren an héich qualifiziert Juristen als méiglech  Kandidaten fir de Staatsrot eraus gesicht an huet decidéiert datt den Alex Penning dem gesichte Profil vum Staatsrot am beschte geng entspriechen.

Deel dëse Post: