AFI – Denkfabrik oder Lobbygrupp?

D’leschten Oktober huet d’Alliance for Financial Inclusion hiren éischten europäesche Zitt an der Stat Lëtzebuerg opgemaach. Op den éischte Bléck engagéiert des Organisatioun sech fir d’Hëllef zur Selbsthëllef an der Kooperatiounspolitik. Si setzt sech fir eng effikass an onbürokratesch Reguléierung vun den Finanzmarchéen an den Entwécklungslänner an. Den Zougang zu Kapital ass ee vun deene wichtegste Faktore fir d’Entwécklung vun engem Land. Un sech also eng ganz luewenswäert Initiativ.

Op den zweete Bléck werft des Organisatioun allerdéngs eng Rei Froen op. Si zeechent sech duerch eng immens Klimapropaganda aus an als wichtegst Membere gi chineesesch Autoritéite genannt. Zousätzlech wëll d’Regierung enk mat dëser Organisatioun kooperéieren. Besteet hei d’Gefor, datt d’Leitlinne vun der Politik am Virfeld laanscht d’Chamber diskutéiert ginn?

Deel dëse Post: