Affrontéiert Krichserklärung un d’Lëtzebuerger Autoschaufferen!

Schonn an der COVID-Kris huet Regierung Kéier ëm Kéier bewisen, datt si mat de Lëtzebuerger Bierger offenbar nom ale Grondsaz verfiert: Wie frech ass wéi en Hond, lieft wéi en Här. Wat an der COVID-Kris gutt geklappt, soll lo op offenbar ëmmer méi Liewensberäicher erweidert ginn, fir och de leschte Grëtz u Fräiheet deen de Leit eventuell nach bleift, nohalteg ze eliminéieren. Och wärend der COVID-Situatioun huet sech de Wäert vun deene Gréngen hirem Lieblingsfeind, dem Auto, fir d’Fräiheet vum Eenzelen, alt nees eng Kéier kloer bewisen. Deementspriechend huet de Verkéiersminister François Bausch vis-à-vis vu Leit, déi an Zukunft nach mam Auto fueren, wa senger Meenung no genuch Alternativen am ëffentlechen Transport zur Verfügung stinn, “de Knëppel” rauszehuelen. Erkläert sech doduerch och d’Verdräifachung vun de Präisser vum P&R um Kierchbierg?

Deel dëse Post: