„De Wee aus der economescher a finanzieller Krise“

Déi éischt Konferenz vun der AECR – Allianz vun den europäesche Konservativen an Reformparteien – gouf e Freideg den 11. an e Samschdeg den 12. November zu London organiséiert. Politesch Parteien aus ganz Europa, wou Lëtzebuerg duerch d’ADR vertruede war, esou wéi politesch Alliéiert aus aneren Deeler vun der Welt, hunn iwwert déi aktuell economesch a finanziell Kris debattéiert.

„D’Scholdekris ass net duerch nach méi Scholden ze léisen“: dëst war eng wichteg Ausso op der AECR Konferenz vu London. Net manner wéi 120 Delegéiert aus 24 Länner hunn un dëser Konferenz deelgeholl. D’ADR war vertrueden duerch den Deputéierte Fernand Kartheiser an de Mataarbechter vun der Fraktioun Alain Kleeblatt. D’Konferenz gouf presidéiert vum Jan Zahradil, President vun der AECR an Europadeputéierte vun der Tschechescher Republik (ODS) esou wéi der Baronesse Sayeeda Warsi, Ministerin an der englescher Regierung vum David Cameron a Vizepresidentin vun der AECR.
Um Riednerpult hunn sech ënner anerem ofgeléist de William Hague, briteschen Ausseminister; den Alexandr Vondra, tschechesche Minister fir Verdeedegung an den David Lidington, britesche Minister fir d’Relatioune mat der EU.

Och eng Rei renomméiert Economiste stoungen den Delegéierte Ried an Äntwert bei der Sich nom  Wee aus der economescher a finanzieller Kris, déi wäit iwwert d’Eurozone erausgeet, an och Auswierkungen op d’Demokratie an z.B. d’Verdeedegungkapzitéite vun der fräier Welt huet.

Als Fazit vun dëser wichteger Konferenz kann ee festhalen datt d’Scholdekris vun de Staaten net duerch nach méi Scholden ze léisen ass. De Wee aus der Kris geet nëmmen iwwert equilibréiert Budgeten, wou d’Staaten hir Ausgabe mussen am Grëff hunn. De Sozialstaat däerf net iwwerstrapazéiert ginn an d’Aarbecht muss sech lounen. Weider läit d’Léisung am economeschem Wuesstem, dee vum Privatsecteur generéiert muss ginn, am Ausbau vum fräien Handel mat allen Deeler vun der Welt, woubäi d’Privatinitiativ net vu Staaten gebremst däerf ginn.

Beim Owendiessen vun den Delegéierte war de President vu Georgien, de Mikheil Saakachvili, Éieregaascht.

D’Konferenz huet nach eng Kéier d’Prinzipie vun der Prager Declaratioun, déi d’Basis vun der Allianz ass, bestätegt an de Programm vir 2011-2014 ugeholl. Do gëtt ënner anerem gefuerdert datt d’EU keng eegestänneg Taxen däerf aféieren an datt d’Recht fir Steieren ze erhiewen eng Prerogativ vun den nationale Staate bleiwe muss. D’AECR setzt sech konsequent fir de Prinzip an datt politesch Decisioune esou no wéi méiglech beim Vollek musse geholl ginn.

No der Konferenz huet den AECR-Rot offiziell d’Icelandic Independence Party als 12. Member an d’Allianz opgeholl. D’ADR gouf den 8. Juni 2010 zu Warschau an d’AECR opgeholl. Am europäesche Parlament ass d’AECR iwwert d’ECR mat 56 Deputéierten aus 9 Länner präsent.