D’ADRenalin, weist sech verwonnert doriwwer, dass Leit, déi d’Hochzäit an d’Monarchie kritiséiert hunn, am Endeffekt awer drun deel geholl hunn.

Virun allem d’Piratepartei huelen déi Jonk vun der Reformpartei an engem Communiqué an de Viséier. Politesch Glafwierdegkeet wier eppes anescht.

Ma och déi jonk Gréng an d’Jongsozialiste ginn ernimmt. D’ADRenalin géif sech froen, wat déi, déi u sech net vill mam Haff um Hutt hätten, géifen dovunner halen, dass eng Rei rout a gréng Deputéiert un de Feierlechkeeten deel geholl hunn.

Publizéiert op RTL.lu, 23.10.2012