ADR zitt Bilan vum Chambersjoer 2020-2021

Den 23. Juli huet d’ADR zum Ofschloss vum Chambersjoer, an der Brideler Stuff hir traditionell Presseiessen ofgehal. De Schwéierpunkt louch op der geplangter, neier Verfassung. Eng Decisioun, déi d’Grondäusrichtung vun eisem Land op mannst op Joerzéngte wäert bestëmmen. Wéi och schonn um Parteiskongress, weist d’ADR déi Wuertspillerei vu Gambia an der CSV, datt et sech nëmmen em eng “substanziell Verfassungsreform” handelt, däitlech zeréck. Den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser riicht dann och am Numm vun eisem Land e kloren Appell un d’CSV, zu hirem Walverspriechen vun engem Referendum ze halen. 

Weider Theeme waren ënner anerem d’Héichwaasserkatastroph, d’Integratioun an de Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch. No engem weidere Joer Gambia kann ee feststellen, datt d’ADR ëmmer méi als eenzeg biergerlech Partei iwwereg bleift, déi eng liberal Wirtschaftspolitik nach als wichteg Ergänzung an net als Géigesätz zu enger generéiser Sozialpolitik an enger Ressourcë schounender Ëmweltpolitik gesäit.

Ofgeronnt huet de Fernand Kartheiser säin Virtrag mam traditionellen ADR-Thema vum Lëtzebuerger Pensiounssystem. Aktuell brauche mir 2,5 Aktiver fir eng Pensioun ze bezuelen. Wa mir net ëmsteieren, wäerte mir laangfristeg duerch en ëmmer méi exorbitante Wuesstumszwang erdréckt ginn. D’ADR appelléiert hei un dat staatstragend Gewësse vun allen anere Chambersparteien, sech engem Debat net ze verschléissen an erkläert sech ausdrécklech bereet, sech no der Summerpaus mat un e Rentendësch ze setzen.

D’ADR-Chambersjoer an Zuelen

  • D’ADR-Deputéiert hu 490 parlamentaresch Froe gestallt.
  • D’Chamber huet iwwer 42 Motioune vun den ADR-Deputéierten ofgestëmmt.
  • D’ADR-Deputéiert hu véier Resolutiounen an der Chamber deponéiert.

D’ADR-Fraktioun huet dräi Gesetzespropositiounen an der Chamber deponéiert:

  • Gesetzespropositioun iwwer d‘Reform vum Spidolswiesen (Dépôt: 21.10.2020)
  • Gesetzespropositioun iwwer d‘Ausbezuele vum Kannergeld (Dépôt: 21.10.2020)
  • Gesetzespropositioun iwwer d’Dispositiounen, fir iwwer den elektronesche Wee un engem Referendum deelzehuelen (Dépôt: 19.02.2021)

Weider Initiative vun der ADR-Fraktioun

  • Aktualitéitsstonn vun der ADR-Fraktioun iwwer d’Europa- a Baussepolitik (15.10.2020)
  • Orientéierungsdebatt iwwer d’Steierreform (18.11.2020)
  • Fro mat Debatt iwwer d’Artemis-Accorden (18.11.2020)
  • Aktualitéitsstonn vun der ADR-Fraktioun iwwer d’Impfstrategie (08.01.2021)
  • Fro mat Debatt iwwer den „Devoir de vigilance“ vun den Entreprisen (22.04.2021)
  • Fro mat Debatt iwwer d’Sécherheet vun der Versuergung vum Land mat Stroum (19.05.2021)
  • Fro mat Debatt iwwer d‘„Pension de survie“ (08.06.2021)
  • D’ADR-Deputéiert hunn 11 mëndlech Froen un d’Regierung geriicht.
  • D’ADR-Fraktioun huet dräi Pressekonferenzen ofgehalen.
Deel dëse Post: