
©adr
Mëttwoch, 28. November 2012
ADR TV ass zréck um oppene Kanal (dok)
ADR TV, d’Tëlesemissioun vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei, ass nees an d’Liewe geruff ginn a gëtt vun haut un um oppene Kanal (dok) gesent.
An der éischter Sendung vu 15 Minutte gi Biller gewise vun der 25-Joer-Feier, déi den 8. Oktober zu Mamer stattfonnt huet.
ADR TV gëtt zu dësen Zäiten um oppene Kanal (dok) diffuséiert:
- Mëttwoch, den 28. November um 18.30 Auer an um Mëtternuecht
- Donneschdeg, den 29. November um 19.30 Auer
- Freideg, den 30. November um 19.30 an um 23.30 Auer
- Samschdeg, den 1. Dezember um 19.25 an um 23.25 Auer
- Sonndeg, den 2. Dezember um 10.15 an um 23.30 Auer
- Méindeg, den 3. Dezember um 23.35 Auer
- Dënschdeg, de 4. Dezember um 19.35 Auer
- Mëttwoch, de 5. Dezember um 00:30 Auer