D’ADR as frou, a seet de Wieler Merci, dat si hiert Wahlresultat an der Stad konnt verbesseren, op 5% (+ 1,1%). Am Gemengerot léisst de Fernand Kartheiser de Jacques-Yves Henckes of. E Mëttwoch den 30. November 2011 huet den néie Conseiller an d’Presidentin vun der Sektioun Stad Stellung bezunn iwwert de Koalitiounsaccord vun DP an déi Gréng an eng aktiv a konstruktiv Oppositioun ugekënnegt.De Fernand Kartheiser huet drop opmierksam gemeet datt e puer ADR-Fuerderungen an de Koalitiounsprogramm opgeholl gi sinn, wéi Theaterstécker op Lëtzebuerg oder d’Zesummenaarbecht vun der Stad Lëtzebuerg mat der „Agence immobilière sociale“.

A villen anere Punkte bleift et awer bei enger „aktiver a konstruktiver“ Oppositioun, ganz am Geescht vum ADR-Wahlprogramm.

Och op Grond vun der gesonder Finanzsituatioun vun der Stad verlaangt d’ADR eng sozial Komponent beim Waasserpräis: d’ADR proposéiert et Gratis-Sockel fir all Bierger, déi bei 30 Fudder Waasser pro Persoun a Joer kéint léien.

D’ADR setzt sech weider, och um kommunalem Plang, fir d’Lëtzebuerger Sprooch an! Esou misst den „Analyteschen“ (Bericht aus dem Gemengerot) d’Debatten op Lëtzebuergesch zréck ginn, niewent engem Resumé op Däitsch a Franséisch. Wann Auslänner sech op d’Gemeng umelle komme sollen se automatesch iwwert d’Méiglechkeet vu Lëtzebuerger Coursen informéiert ginn. Weider soll d’Stad, an Zesummenaarbecht mam Staat an dem Geschäftsverband, d’Personal aus de Geschäfter encouragéiere vir Lëtzebuergesch ze léieren.
D’ADR verlaangt konkret Moossname fir den Tourismus ze förderen. Dëst kann och iwwert d’Acquisitioun vu Konschtwierker geschéien déi eng international Renommeeë hunn. Och muss de Schäfferot sech méi Aktiv ëm d’Roll als Haaptstad bekëmmeren, z.B. bei der d’Reaffektatioun vu Regierungsgebaier.

Am ëffentlechen Transport freet d’ADR sech datt den zoustännege Minister elo wëllt eng Studie maachen iwwert déi wierklech Käschte vum Tram, woubäi dëst schonns laang hätt missen de Fall sinn. D’ADR bleift iwwerzeegt datt, alles an allem, de City-Tunnel kaum méi deier gëtt dofir awer de Problem vum Verkéier léisst! De Bierger soll mat entscheeden, fir oder géint den Tram, dëst iwwert e Referendum.

D’ADR ass net Averstane mat der Aféierung vun enger „Police municipale“! D’Agents municipaux, virausgesaat se kréien déi néideg Formatioun, kënnen awer nei Aufgaben iwwerhuelen.
D’ADR steet och fir e méi grousst Matsproocherecht vun de Bierger an de Quartieren. Dofir sollen awer an éischter Linn déi lokal Syndikater gestäerkt ginn, an net nei Strukture geschaaft ginn.

D’Marceline Goergen ass méi speziell op d’Aspekter vun der Sozialpolitik agaangen. D’ADR verlaangt hei datt d’Zëmmeren an de Caféen iwwerwaacht ginn, esouwuel op d’Normen (Gréisst, Hygiène) wéi op en ugepasste Präis.

Och wat d’Tarifer an den Alters- an Pflegeheimer betrëfft „däerf et net zu enger Präisexplosioun kommen“. D’ADR fuerdert datt all nei Appartementshaiser, Büroen a Geschäfter esou gebaut ginn datt se Behënnertegerecht sinn.

D’Stad Lëtzebuerg muss weider Suergen datt jonk Stéit sech en Wunneng an der Haaptstad leeschte kënnen.

De 5. Dezember gëtt de Fernand Kartheiser als Gemengerot vereedegt.