D’ADR-Positioun an der COVID-Kris …

D’Joer 2020 war eent ewéi keen anert. Villes ass geschitt, zënter Lëtzebuerg – grad ewéi vill aner Länner – Ufank dëses Joers mam Coronavirus konfrontéiert gouf. Zënterhier huet sech esou munches an eisem Land an an eiser Gesellschaft verännert.

D’Regierung huet sech iwwert hir limitéiert Kompetenzen ewechgesat a vill Moossname geholl, déi wäit- an déifgräifend Konsequenze fir d‘Gesellschaft no sech zéien. Dëst kann net ignoréiert ginn. Dës Konsequenze si sozialer grad ewéi ekonomescher Natur a betreffen och d‘Gesondheet, esouwuel kierperlech ewéi psychesch. Grad dofir kuckt d’ADR der Regierung hei ganz besonnesch op d’Fanger, well si ebe grad fir de Schutz vun de Leit hirer Gesondheet ass.

Als Oppositiounspartei kënnt d’ADR hirer Aufgab also no, an dëst an aller Seriositéit. Et ass wichteg, d’Moossnamen, déi d’Regierung hëlt, lafend op hir Pertinenz, Effikassitéit an Noutwennegkeet hin ze iwwerpréiwen. D’ADR huet dowéinst ëmmer nees verschidde Moossname vun der Regierung op Basis vun der Entwécklungen hei am Land a vun internationalen, wëssenschaftlechen Etüden an Aussoen hannerfrot.

An dësem Joer ass och nach emol méi däitlech ginn, datt de Gesondheetssecteur scho jorelaang vernoléissegt gëtt an net déi néideg Wäertschätzung entgéintbruecht kritt. Dëse wuertwiertlech liewenswichtege Secteur ass a bleift och weiderhin immens wichteg fir eis Gesellschaft an dofir sollt grad an dësem Secteur weder u Personal, nach u Material nach un den néidege Strukture gespuert ginn. D’Leit um Terrain leeschten eng wichteg Aarbecht. Si an hir Problemer duerfen net weider ignoréiert an iwwergaange ginn.

Fir nach emol kloerzestellen a festzehalen, wéi d’ADR sech an der COVID-Kris positionéiert a wat si konkret proposéiert, huet si e Pobeier opgestallt, deen dat zesummefaasst an a folgend siwe Punkten ënnerdeelt:

  1. Zur Krankheet selwer
  2. Konsequenze fir de Gesondheetssystem
  3. Rechtstaatlech Aspekter
  4. Ekonomesch, finanziell a sozial Aspekter
  5. Kommunikatiounspolitik
  6. D’Widderstandsfäegkeet vum Land an enger Kris verbesseren
  7. Conclusioun

 

(aktualiséiert de 15. Februar 2021)

 

Deel dëse Post: