ADR fuerdert Récktrëtt vum Jean Asselborn

De Bausseminister Jean Asselborn setzt seng Pöbeltour duerch international Medie fort a veriergert weider laangjäreg Frënn an Alliéierter vu Lëtzebuerg. Alt nees ass et déi Fro, mat där de Lëtzebuerger Europa 2015 déif gespléckt huet, d’Flüchtlingsfro, déi zu senge populisteschen Äusserunge féiert. U Friemefeindlechkeet (Éisterräich-Feindlechkeet) net ze iwwertreffen ass, mat den Éisträicher wéinst hirer Volleksmusek an der Jodel-Technik de Geck ze maachen. D’Jodelen ass och net spezifesch éisträichesch mee e Gesank aus der Alpegéigend, dee sech awer als Kulturexport och am US Folk a Country erëmfënnt. Net manner onmanéierlech a respektlos ass dem Bausseminister seng Remark iwwert d’Dixie-Toiletten, déi Éisträich soll als Direkthëllef op Lesbos geschéckt hunn. Wa mir d’brutt Zomm vun der finanzieller Direkthëllef nom Brand vu Moria an Euro virleien hätten, wär all Mënsch séier kloer, wéi vill méi Suen Éisträich geschéckt huet, ewéi Lëtzebuerg – och wann dann sech an der Proportionalitéit relativéiert. D’Reaktioun vun engem Journalist an der Talkshow: „maischberger – die woche“ war dann och schaarf, nodeems de Jean Asselborn schonn nees fort war an obwuel d’Emissioun eigentlech esou Kommentaren op de Réck verbitt: Den Optrëtt wär demagogesch a populistesch gewiescht, huet de Christoph Schwennicke vum Maganzin „Cicero“ gemengt.

Deel dëse Post: