
Dënschdeg, 25. August 2015
ADR Fraen: Visitë vum Palais
Den 8ten an den 22ten August huet d’Sektioun vun den ADR Fraen an d’ADR Fraktioun (representéiert duerch de Süd-Députéierte Fernand Kartheiser) op Visitë vum Palais agelueden. D’Visite huet jeweils 45 Minutte gedauert an dëst Joer konnt een och d’Ausstellung „Wëlcom dôhém!“ – de Retuer vun der Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil kucke goen.
No dësem flotten Ausfluch, ass et eng kleng Erfëschung am Chocolate House vis-à-vis vum Palais ginn.
Wien dëst d’Joer net konnt dobäi sinn, ka sech eis d’nächst Joer an der Summervakanz uschléissen.



