
Méindeg, 21. Dezember 2015
ADR Fraen: Visit vum Chrëschtmaart zu Stroossbuerg
E Grupp vun den ADR Frae war den 19. Dezember op Stroossbuerg op de Chrëschtmaart fir hier Kollegin a Presidentin vun der Escher Sektioun, d’Malou Prott, besichen ze goen.
D’Malou huet mat vill Kompetenz an Asaz de ‚Village luxembourgeois‘ um Stroossbuerger Chrëschtmaart organiséiert a geréiert.
Si haten all e flotten Dag zesummen zu Stroossbuerg erlieft, bei wonnerbarem Wierder an enger exzellenter Stëmmung. Si profitéiere vun dëser Geleeënheet fir Iech all e schéine Chrëschtdag, e gudde Rutsch an eng gutt Gesondheet am neie Joer ze wënschen.
Kalenner
Generalversammlung Sektioun Suessem
Restaurant Gurman (2, rue Grande-Duchesse Charlotte, Bieles)
alles ukucken