
Méindeg, 25. Juli 2016
ADR Fraen: Polit-Seminaire voller Energie
D’ADR Fraen haten de ganze Week-End vum 23. a 24. Juli e Workshop ënnert der Leedung vun engem Trainer a Moderator, bei dem eng 12 interesséiert Dame konnte matmaachen. Si hunn intensiv diskutéiert, Outdoor- a Videotraining gemaach a mat vill Spaass an Asaz léierräich Erkenntnisser ausgeschafft a gewonnen. Organisatiounsfroen a sachpoliteschen Themen waren e Schwéierpunkt vun deem Weekend-Seminaire.
Weider Trainingen an dësem Genre si scho virgesi fir den ADR Fraen an aneren interesséierte Memberen eng flott Méiglechkeet ze ginn, fir hier politesch Bildung weider ze verdéiwen.