ADR Fraen: Motivéiert an d’Nationalwalen 2018

print

E Samschdeg, den 3. Februar 2018 hunn d’ADR Frae sech fir hire Kongress op der Cloche d’Or zesummefonnt.

Dëst Joer ass erëm d’Chance ginn, fir eng nei Chamber ze wielen, an domat och eng Chance fir eng nei Regierung . D’ADR Fraen, déi vill Aktivitéiten organiséieren, dorënner och ganz intressant Themenowenter, si ganz engagéiert a wëllen och an dësem Waljoer hire Bäitrag leeschten, un der Politik deelhuelen an d’Partei ënnerstëtzen. Et feelt hinnen net u Motivatioun.

Nodeems d’Presidentin Sylvie Mischel hire Komitee begréisst hat, huet den Aktivitéitsbericht nach emol un déi ganz Aarbecht erënnert, déi d’Fraen am viregte Joer geleescht hunn. Op dësem Kongress hunn d’ADR Fraen dunn och hire Komitee frësch gewielt. Fir d’Fraen an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen, war de Parteipresident Jean Schoos present, sou wéi och zwee vun eisen Deputéierten, de Gast Gibéryen an de Fernand Kartheiser. Déi zwee Éischt hunn dozou och e Referat gehalen.

 

 

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.