D’ADR Fraen haten dë Samschdeg, 2. Februar 2019, hire statutaresche Kongress, bei dem och hire Comité nei gewielt gouf.

D’Madame Sylvie MISCHEL ass als Presidentin erëmgewielt ginn. Déi weider Komiteesmembere sinn déi Dammen Goulnora SOULTANOVA (Vize-Presidentin a Sekretärin), Nadejda TROTSENKO-MULLER (Tresorière) an Marie-Andrée FABER-SCHANEN, Wilma FUCHS, Pierrette KOEHLER, Marianne SCHILTZ, a Colette SOLNY, Memberen.

 D’ADR-Frae sinn déif besuergt iwwer déi Politik déi d’Regierung mecht, besonnesch och an der Chancegläichheets-, der Sozial- an an der Familljepolitik. Sie bedaueren, datt déi gréissten Oppositiounspartei dacks déi destruktiv Regierungspolitik mat ënnerstëtzt.

D’ADR-Frae setzen sech weiderhi fir déi fundamental Wäerter an déi haut zu Lëtzebuerg leider just nach vun der ADR vertruede ginn, besonnech och an der Ethik a beim Schutz vum Kand. D’ADR-Frae sti fir d’Rechter vun den Elteren, déi selwecht Chance fir Fraen a Männer, e Mateneen a net e Géintenee vu Fraen a Männer an nach vill anerer.

D‘ADR-Fraen engagéieren sech zësumme mat der ADR a ville, verschiddene Themeberäicher. Dorënner falen, ënner Aneren, den Ëmweltschutz, d’Gesondheet, d‘Alters- an d‘Fleegeheimer an eng Schoul déi eise Kanner hëlleft géint d’Konkurrenz aus dem Ausland ze bestoen an déi e sozialen Opstig erméiglecht.

Denen aktuellen Tendenzen zu enger ëmmer méi staarker Radikaliséierung an der Gesellschaftspolitik, esou wéi Gambia 2 se bedreift, trieden d’ADR-Fraen decidéiert entgéint.