ADR Fraen: Eist Liewen – Eise Choix!

D’ADR Fraen feieren dëst Joer den Internationalen Dag vun der Fra andeems si d’Recht vun der Fra betounen fir, ouni all Amëschung vun der Regierung, hiren eegene
Liewenswee kënnen ze bestëmmen. Fir wéi e Beruff oder fir wéi e Studium sech eng Fra decidéiert ass hir eegen Decisioun, déi keng Amëschung a kee Kommentar vun
der Säit vun der Regierung brauch. Ob eng Fra wëll Ingenieur oder Infirmière, Dokter, Daachdecker oder Schouljoffer ginn ass hire souveräne Choix, ob et eiser Gambia-Regierung gefält oder net.

Mir wëlle keng egalitär Gesellschaft, mee Chancëgläichheet a Respekt fir Fraen a Männer. Wann eng Fra sech fir e méi traditionell weibleche Beruff decidéiert soll an däerf dat net vun der Regierung als “Stereotyp” disqualifizéiert ginn. Mir brauche keng Regierung, déi eis wëll soen, wéi mir ze liewen hunn!

D’ADR Fraen betounen, datt och d’Aufgab vun enger Mamm e wonnerschéinen an immens wichtege Beruff ass. Amplaz d’Fraen wëllen iwwer finanziellen a
gesellschaftlechen Drock ze zwéngen engem bezuelte Beruff nozegoen, wëllen d’ADR Fraen d’Roll vun der Mamm an domat d’Famill opwäerten. Duerch d’ADR-
Elteregeld wäerte mir déi Elteren op déi sech wëlle selwer ëm d’Erzéiung vun hire Kanner këmmeren a maachen doraus e vollwäertege Beruff den och sozial
ofgeséchert ass.
Fir d’ADR-Fraen ass och kloer, datt et d’Eltere sinn déi iwwer d’Erzéiung vun hire Kanner decidéieren an net de Staat. Si warnen dowéinst virun denen aktuelle
Proposiounen iwwer d‘Kannerrechter an där neier Verfassung, och dowéinst well net kloer ass, wien da fir d’Anhalen vun deene Rechter zoustänneg wär

Deel dëse Post: