Den 8. Mäerz ass den internationale Fraendag. Wéi all Joer ass dësen Dag eng Geleeënheet, fir op déi méi spezifesch Problemer vun de Fraen opmierksam ze maachen. Dëst Joer wëllen d’ADR Fraen de Sujet vun der Sécherheet am ëffentleche Raum thematiséieren. An engem Interview mat enger Zeitung huet d’Police viru Kuerzem gemengt, d’Frae sollte besser owes net eleng aus dem Haus goen.

Leider ass et eng Tatsaach, datt  vill Fraen, mee och z.B. eeler Leit, sech bal net méi trauen, fir a verschidde Quartieren ze goen. Dëst weist, wéi eng Zoustänn an der Tëschenzäit an eisem Land herrschen. D‘ADR Frae wëlle keng „No-go-Zonen“zu Lëtzebuerg!  Si wëllen, datt hei am Land kee muss fäerten, fir owes aus dem Haus ze goen.  

Dowéinst organiséieren d’ADR Fraen de 6. Mäerz um 11.00 Auer e Protestpiquet virum „Ministère fir bannenzeg Sécherheet“ (4, Place de l’Europe). D’ADR Frae wëllen domat en däitlecht Zeeche setzen: fir e séchert Land fir jiddwereen a besonnesch och fir déi, déi sech net esou gutt kënne wieren, fir d’Kanner, déi eeler Leit, déi schwaach Leit an natierlech fir d’Fraen!

D’ADR Frae verlaange  méi Kompetenze fir d’Police an eng Justiz, déi duerchgräift! Si wëllen eng Null-Toleranz-Politik géintiwwer der Kriminalitéit. Si wëllen, stellvertriedend fir ganz vill Fraen zu Lëtzebuerg, datt eis Stied nees sécher ginn. Sou setzen d’ADR-Fraen  um  Fraendag en Zeechen, dat eiser ganzer Gesellschaft ze gutt kënnt!

Pressematdeelung vun den ADR Fraen vum 5. Mäerz 2021