ADR-Entrevuen: Forum vun Onzefriddenheeten

Wéi e roude Fuedem zitt sech d’Onzefriddenheet mat der Regierungsaarbecht duerch d’Entrevuen, déi d’ADR besonnesch elo virun de Wale mat alle Kreesser vun der Gesellschaft a wichtege Vereenegungen an Institutioune féiert. Dat war de 9. Mee beim Automobilclub, wou de Generaldirekter Jean-Claude Juchem a Begleedung vum Dina Freitas fir hir 180.000 Membere geschwat hunn, net anescht. D’Regierung géing sech just op Zuch a Bus konzentréieren, iwwerdeems awer de Gros vun de Lëtzebuerger sech mam Auto wéilten oder misste fortbeweegen. Net nëmmen den Déngschleeschtungsberäich mee vill Leit wären op hiren eegenen Auto ugewisen. Den ACL huet, wat d’Mobilitéit ugeet, intressant Proposen. Dës kéinte vläicht eppes um Chaos, dee besonnesch an de Spëtzestonnen op de Lëtzebuerger Stroossen ass, änneren. E Mobility Manager kéint an de Betriber mat alle Salariéen déi optimal Léisung fir hiren Aarbechtswee kucken, esouwuel wat d’Aarbechtszäite wéi och wat de Wee an d’benotzte Verkéiersmëttel ugeet. Verbesserungsméiglechkeete gesäit den ACL och bei de Paien. Firwat en Déngschtauto, wann e Mobilitéitsbudget de Salariée vill méi Flexibilitéit kéint bidden an en Ëmdenken ureegen?

Nieft de Stauen ass och d’Sécherheet en Thema bei der Mobilitéit. Hei vermësst den ACL eng detailléiert Evaluatioun fir Akzidenter an hir Ursaachen ze analyséieren. Et géing net duer goen hott an har Radaren opzestellen, wann een net genee wéisst, firwat en Akzident geschitt ass a sech op Generalitéite beschränke géing. Konkret Virstellungen huet den ACL och bei méi engem effikassen Asaz vun de ville Sécherheetskameraen iwwer den Autobunnen. An eng Permanence vun Ofschleefcamionen nieft den Autobunnen ëm d’Stad besonnesch a Spëtzestonne kéint hëllefe Staue méi séier opzeléisen amplaz datt eng kleng Téitsch fir stonnelaang Staue suergt. De Gast Gibéryen huet genee nogelauschtert, well d’ADR beschäftegen d’Mobilitéitsproblemer am Kader vun der Wuesstemsdebatt a vun der Fro, wat d’Immobilitéit d’Land kascht, ganz staark.

 

Deel dëse Post: