ADR, eenzeg Partei déi géint weider Steier-Erhéijung ass!

Am Kader vun der Chamber-Debatt iwwert den Tripartite-Accord, huet d’ADR den 28. September eng Motioun zum Vott bruecht, an där si d’Regierung opfuerdert, fir de Rescht vun dëser Legislaturperiod op all weider Erhéijung vu Steieren, Taxen, Cotisatiounen asw. ze verzichten. Weider misste schonn decidéiert Upassungen, wéi zum Beispill déi vun der Zäregassteier fir den 1. Januar 2023, komplett ausgesat ginn. Et ass en Hohn datt keng vun de Chamberparteien d’ADR-Motioun ënnerstëtzt huet, och net d’CSV, esou datt si ausser der ADR, op si fir eng Erhéijung vu Steieren, Taxen a Cotisatiounen. An dat grad an dësen net einfachen Zäiten, wou vill Bierger schonn elo Problemer hunn, fir Enn des Mounts béid Enner beieneen ze kréien! 

Nëmmen déi véier ADR-Deputéiert hu fir des Motioun gestëmmt, all déi aner Parteie schéngen deemno kee soziaalt Gewëssen ze hunn!

Hei ass de ganzen Text vun der Motioun:

Lëtzebuerg, den 28. September 2022

MOTIOUN

D’Chamber vun den Deputéierten:

stellt fest, datt

  • déi säit bal zwee Joer ongebremst Erhéijung vun den Energiepräisser ëmmer méi Lëtzebuerger Stéit an Existenznout bréngt, well se mat hirem Revenu net méi bis zum Enn vum Mount ronnkommen;
  • déi säit bal zwee Joer ongebremst Erhéijung vun den Energiepräisser ëmmer méi Lëtzebuerger Entreprisen an Existenznout bréngt, well se net méi zu kompetitive Präisser kënne produzéieren an déi héich Zousazkäschten opgrond vum allgemenge Kafkraaftverloscht dacks just begrenzt un hir Cliente kënne weiderginn;

ass sech bewosst, datt

  • an dëser prekärer Situatioun all weider Steier- oder soss Erhéijung vu finanziellen Obligatioune vis-à-vis vum Staat fir d’Stéit eng sozial Zousazbelaaschtung géif bedeiten;
  • an dëser prekärer Situatioun all weider Steier- oder soss Erhéijung vu finanziellen Obligatioune vis-à-vis vum Staat wéi ekonomescht Gëft op eis Entreprisë géif wierken;

fuerdert d’Regierung op, datt

  • fir de Rescht vun der Legislaturperiod op all weider Erhéijung vu Steieren, Taxen, Cotisatiounen asw. ze verzichten a schonn decidéiert deementspriechend Upassungen, wéi zum Beispill déi vun der Zäregassteier fir den 1. Januar 2023, auszesetzen.

 

Deel dëse Post: