ADR deposéiert zwee Gesetzesvirschléi

D’ADR gëtt sech net zefridden domat, just ze kritiséieren, mee leet konkret Iddien op den Dësch. An deem Sënn huet d’Partei den 21. Oktober direkt zwee Gesetzesvirschléi an der Chamber deponéiert.

Gesetzesvirschlag Spidolswiesen:

Wéi Ufank 2018 ënnert der sozialistescher Gesondheetsministesch Lydia Mutsch d’Spidolsgesetz gestëmmt gouf, hat Lëtzebuerg 4,77 Better pro 1000 Awunner an eis däitsch Noperen haten 8,13 Better op 1000 Awunner. Aus deem Grond war et fir d’ADR onverständlech, datt mir bei deem aktuelle staarken demographesche Wuesstem higinn, an d’Unzuel vun de Better no uewe limitéieren.

Mat dësem Gesetzesvirschlag proposéiert d’ADR, de Plaffong fir d’Unzuel vu Spidolsbetter ganz ze sträichen. Et wär onverantwortlech, wa mir jeemools an eng Situatioun komme géifen, wou mir Patienten heemschécken, well mir net méi genuch Reserven hunn, fir si kënnen ze versuergen. Grad déi lescht Méint hunn eis gewisen, datt e Limitéiere vun de Spidolsbetter e politeschen Dirigismus ass, dee net un d’Realitéit ugepasst ass.

D’Unzuel vun de Spidolsbetter soll dofir ëmmer erëm un déi sanitär Situatioun ugepasst ginn – an och un de Bevëlkerungswuesstem.

Gesetzesvirschlag iwwert d’Kannergeld:

Jonker iwwer 18 Joer, déi en „Diplôme de fin d’études secondaires” iwwer eCampus (fréier eBac) maachen, hunn dem Code de la sécurité sociale no kee Recht op Kannergeld.

Mat dësem Gesetzesvirschlag proposéiert d‘ADR, de Bildungswee iwwer eCampus an den Art 271 al (2) vum Code de la sécurité sociale mat opzehuelen. Dat erlaabt och deene Jonken, déi de schoulesche Parcours iwwer eCampus maachen, bis zum Alter vu 25 Joer vun der „allocation familiale” ze profitéieren, esoulaang si kee Revenu hunn, deen op d’mannst dem Mindestloun entsprécht.

Deel dëse Post: