Am Dossier OPE schwätzt den Aarbechtsminister vu Kommunikatiounsproblemer, d’adr mengt, et wier ee Problem vu Rigueur, déi an der Gestioun géif feelen.

9,8 Milliounen Euro wieren déi zwou Beschäftegungsinitiativen OPE a Proaktiv dem Staat schëlleg an d’Responsabilitéite missten opgekläert an déi Responsabel hir Verantwortung droen, dat géif och fir de Minister Nicolas Schmit gëllen.

Dee misst dann och an d’Budget-Kontrollkommissioun vun der Chamber kommen.

Wat d’Zukunft vun de Beschäftegungsinitiativen ugeet, mengt d’adr, déi sollten an d’ADEM integréiert ginn. Den Ament wieren se ee verlängerten Arem vun den zwou grousse Gewerkschaften LCGB an OGBL.

Publizéiert op RTL.lu, 17.10.2012