Absurd Regierungspolitik beim Biokraaftstoff!

D’Lëtzebuerger Regierung setzt massiv op d’Fërdere vu Biokraaftsoff. 2019 gouf den E10-Bensinn agefouert, deen en Undeel vu Biokraaftstoff vun 10 Prozent virweist. Wat eis Regierung bewosst ignoréiert, ass, datt fir d’Hierstelle vu Biokraaftsoff massiv Fläche fir den Ubau vu Fruucht genotzt ginn. Flächen, déi een eigentlech notze kéint fir déi mënschlech Ernierung mat héichwäertege landwirtschaftleche Produkter. Grad am Kontext vum Krich an der Ukrain an dem Risiko vun enger Liewensmëttelknappheet gëtt däitlech, wéi absurd eis Regierungspolitik an deem Beräich ass. De Parteipresident Fred Keup an den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen stellen an deem Kontext eng Rei pertinent Froen un d’Regierung.

Deel dëse Post: