Aarbechtserlabnis fir ukrainesch Flüchtlingen?

Opgrond vun der Kris an der Ukrain, gesinn sech vill europäesch Länner mat enger neier Flüchtlingswell konfrontéiert. Och Lëtzebuerg kéint geschwënn heivu betraff sinn. Obwuel en Openthaltsstatus fir déi Leit rechtlech duerchaus komplizéiert wier, ass dovun auszegoen, datt d’Regierung sech hei genausou wéineg em international Reegele wäert këmmeren, wéi och soss an hirer Asylpolitik. An deem Fall wier et awer och sou, datt ukrainesch Flüchtlingen am Géigesaz zu ville Leit, deene mir hei sougenannten Asyl gewären, duerchaus Aussicht hätten, sech an de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze integréieren. Gesäit d’Regierung vir, et deene Leit duerch eng Aarbechtserlabnis ze erméiglechen, hei selwer fir hiren Ënnerhalt opzekommen?

Deel dëse Post: