A400M: wéini…?

D‘Problemer ronderëm de Militärfliger A400M sinn nach ëmmer net geléist. Dëse sollt, no verschiddenen Äntwerten op parlamentaresch Froen, „fréistens 2017“ oder am Februar 2019 geliwwert ginn. 2019 bleiwt elo den Termäin, äntwert de Minister, dee soss awer net vill Präzisioune gëtt.

En Donneschdeg, den 30. Mäerz war en Treffen zu Madrid tëschent dem Fabrikant a Vertrieder vu Regierungen, déi den A400M bestallt hunn. Airbus soll dobäi gefrot hunn, fir déi „hefteg Penalitéiten“, déi d‘Firma wéinst de Verspéidungen an aner Problemer misst bezuelen, erof ze sëtzen. An dësem Kontext huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng Rei Froe gestallt, ënner anerem: gëtt Lëtzebuerg fir d‘Verspéidung bei der Liwwerung entschiedegt? Wa jo, wéi héich ass dës Zomm an Euro an a Prozenter zum Präis vum Fliger?

Deel dëse Post: