“Congé de naissance” no enger GPA?

Déi Lëtzebuerger Regierung huet ugekënnegt, de “congé de naissance” op gläichgeschlechtlech Koppelen auszewäiten, wat allerdéngs réischt no der Reform vum Filiatiounsrecht méiglech ass. An engem Interview weist d’Familljeministesch drop hin, datt eng juristesch Verbindung zum Kand bestoe muss, fir kënnen de “congé de naissance” unzefroen, an datt bei homosexuelle Koppelen dës Unerkennung just iwwer d’Adoptioun méiglech ass. Bei enger homosexueller Koppel, déi aus zwee Männer besteet, kann d’Kand awer an der Reegel just vun enger sougenannter “Leihmutter” ausgedroe ginn. Ass d’GPA-Verbot, wéi et hei zu Lëtzebuerg besteet, awer kompatibel mat der Unerkennung vum “congé de naissance” fir Leit, déi ee Kand an Optrag ginn hunn?

 

Deel dëse Post: