35 Joer Asaz fir d’Leit a fir d’Land

Haut op den Dag ass 1987 am Konvikt an der Stad d’5/6-Aktiounsgemeinschaft gegrënnt ginn – viru 35 Joer. Eenzegt Zil war eng Reform vum Lëtzebuerger Pensiounssystem an eng Gläichstellung vum private Secteur mat de staatleche Pensiounen. Ouni jee an der Regierung gewiescht ze sinn, huet déi Aktiounsgemeinschaft e grousse politesche Succès. Den heidege Pensiounssystem, deen de ganze private Secteur vill besser gestallt huet, gëtt schonn 11 Joer no Grënnung vun der Aktiounsgemeinschaft Realitéit. De politesche Succès an d’Entwécklung zu enger Partei mat biergerlechen, konservativen a soziale Wäerter berouen op der onermiddlecher Aarbecht, déi am demokratesche Konsens geleescht gouf. D’ADR ass aus der politescher Landschaft net méi ewechzedenken, an all Negativprognose vu politesche Konkurrenten hu sech als Wonschdenken erausgestallt.

Haut vertrëtt d’ADR praktesch eleng konsequent eng eege Meenung wärend déi aner Parteie  Varianten aus deem nämmlechte Buch virzedroe schéngen. Dat huet sech zulescht an de Referendumsdiskussioune vun 2015, an der Diskussioun iwwert de beschte Wee fir Flüchtlingen ze hëllefen, am Ëmgang mat Corona – ouni Hysterie a mat gesondem Mënscheverstand – a bei der Verfassungsreform gewisen, wou mir eleng e Matsproocherecht vum Bierger fuerderen an all déi aner Parteien hir Walversprieche gebrach hunn.

Well de Bierger – Dir – stitt bei eis zënter 35 Joer am Virdergrond. Mir sinn an Ärem Déngscht!

Deel dëse Post: