Energieembargo géint Russland – Wourop mussen eis Betriber sech astellen?

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup schreift den Energieminister: “Falls et an Europa den nächste Wanter dann awer zu Liwwerschwieregkeeten am Gas sollt kommen, da mussen effektiv gegebenenfalls déi grouss Betriber als éischt ofgeschalt ginn, fir dass Haushaltsclienten, déi als geschützt gëllen, weider kënne beliwwert ginn. Hei gëtt et genee Pläng déi vun den Netzbedreiwer ausgefouert ginn a wou, ofhängeg vun de Volummen déi feelen, festgeluecht ass wéi eng Kategorie vu Betriber ofgeschalt musse ginn”.

Eng hefteg Ausso. No dem éiwege Gedirängels duerch d’COVID-Politik steet eise Betriber domat schonn déi nächst Onwägbarkeet an d’Haus. Steet d’Regierung op mannst am Austausch mat deene Betraffenen, fir si iwwert déi weider Entwécklungen um Lafenden ze halen?

Hannergrond

 

Deel dëse Post: