Janssen – gehäit mat engem Impfstoff

An Däitschland sinn nei Restriktioune géint den Impfstoff Janssen vu Johnson & Johnson geholl ginn. Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus, freet de Jeff Engelen d’Regierung.

 

Fro

An Däitschland ass Janssen, den Impfstoff vun Johnson & Johnson, net méi als vollstänneg Impfung unerkannt a muss mat enger zweeter mRNA-Impfung komplettéiert ginn. Dat ass ënnert dem Datum vum 3. Mee 2022 nozeliesen op „infektionsschutz.de“. Duerfir hunn ech dës Froen un d’Madamm Gesondheetsminister:

  1. Gëtt et zu Lëtzebuerg nach d’Méiglechkeet, just mat enger Dos Janssen geimpft ze ginn a gëllt dat hei nach als komplett Impfung?
  2. Ass den Impfpass vu Leit, déi mat Janssen geimpft gi sinn an déi keng zousätzlech Impfung mat engem mRNA-Stoff kritt hunn, nach europawäit gëlteg?
  3. Am Kontext vum Impfpass fënnt een op infektionsschutz.de eng weider kriddeleg Fro: Ass et richteg, datt dësen an EU-Länner, déi eng Opfrëschungsimpfung fuerderen net méi unerkannt gëtt? Wat, wann aner Länner net vun der Noutwennegkeet vun enger weiderer Opfrëschungsimpfung iwwerzeegt sinn?

Äntwert

Äntwert vun der Madamm Gesondheetsministesch op d’parlamentaresch Fro n° 6179 vum 11. Mee 2022 vum honorabelen Deputéierten här Jeff Engelen.

 Zu Lëtzebuerg besteet weiderhin d’Méiglechkeet mat enger Injektioun vum Janssen Impfstoff eng komplett Impfung ze kréien. Dëst ass bis op weideres konform mat der „autorisation de mise sur le marché » vun der Europäescher Medikamentenagence EMA.

Den Impfpass ass europawäit standardiséiert a renseignéiert iwwert d’Impfungen déi d’Persoun kritt huet. Wéi dësen Impfpass dann an all Land interpretéiert gëtt, d.h. op als valid oder net valid ugesi gëtt, hänkt dann vun all Land of. Konkret heescht dat dass een sech punkto Impfung ëmmer un d’Konditiounen vum jeeweilegen Land upasse muss, a gegebenefalls eng zousätzlech Impfung maache muss.

Deel dëse Post: