Et feelt massiv u Camionschaufferen

Iwwerall an Europa feelt et un Nowuess bei de Camionschaufferen. Nieft dem éischter negativen Image vun dësem Beruff, kommen zu Lëtzebuerg eng ganz Rei hausmaacher Probleemer dobäi. De Secteur klot notamment iwwer den héijen Ausbildungsalter, déi schlecht Kommunikatioun vun neie Chantieren, a COVID-Reegelen, déi ee just nach als absurd bezeechne kann. Ëmgekéiert bedeit dëst awer näischt anescht, wéi datt d’Regierung mat bësse guddem Wëllen duerch administrativ Vereinfachunge séier an onkomplizéiert dogéint steiere kéint. Steet d’Regierung a besonnesch de grénge Verkéiersminister zu eisem Logistiksecteur?

Deel dëse Post: