Déi Gréng maachen d’Natur futti amplaz si ze schützen!

Heiansdo traut ee sengen Oueren net: Déi gréng Ministeren Turmes a Kox wëlle weider 5000 Hektar (!) – dat ass siwe mol déi ganz Stad Esch – als Bauland zur Verfügung stellen an domat wäertvollen Naturraum ze zerstéieren. Turbowuesstem an den 1-Millioun-Awunner-Staat sinn d’Zil vun de Gréngen.

Op där anerer Säit kréien d’Leit d’Liewen zur Häll gemaach, wann et ëm eng Autorisatioun geet, fir un enger bestoender Gebailechkeet eng kleng Maierchen ze bauen oder och just eppes ze flécken. A senger Interventioun vum 18. Januar geet de Fred Keup op dat absurd Weltbild vun de Gréngen an. An dobäi kréien natierlech alt nees d’Baueren d’Liewe schwéier gemaach…

Deel dëse Post: