Gëeent no bannen a kämpferesch no baussen!

Gutt Stëmmung um ADR-Neijoerschpatt vum 14. Januar 2022. A senger bësseg formuléierter Ried ass den ADR-Parteipresident Jean Schoos op aktuell Themen ewéi d’Impfflicht an d’Verfassungsreform agaangen. Mat konkrete Beispiller weist de Jean Schoos, datt d’Iddi vun enger verflichtender Impfung onausgeduecht an och medezinesch gesi fragwürdeg ass. Am Hibléck op dee versprachene Referendum duerch d’Regierungsparteien an d’CSV huet de Parteipresident nach eemol betount, datt eenzeg d’ADR de Wëlle vun der Majoritéit vun de Bierger fir e Referendum eescht hëlt an hiert Walverspriechen hält.

Zum Schluss vu senger Interventioun huet de Jean Schoos e ganz perséinlechen an emotionale Message un d’Press geriicht an un de Respekt an d’Verantwortung am Hibléck op de politeschen Discours appelléiert.

Hei fannt Dir e puer Andréck vum Neijoerschpatt:

Deel dëse Post: