Onfairen RTL-Interview mam Sylvie Mischel!

Datt d’RTL-Journalisten net fir neutralen an objektive Journalismus stinn, beweist de François Aulner am Kader vun der Emissioun: Invité vun der Redaktioun! Dat wat dësen sech mat der Presidentin vun den ADR-Fraen erlaabt huet, dat léisst déif blécken! Iwwert de ganzen Interview ewech huet sech d’Sylvie Mischel, trotzdeem net aus der Rou brénge gelooss an ass ganz souverän bliwwen. De Combel: Kuerz virum Enn vum Interview diffaméiert de Radio-Journalist d’Sylvie Mischel perséinlech! Dat andeems dësen eng onpräzis an net iwwerpréiften Informatioun zur Sprooch bréngt, déi hien, ouni Zweiwel, zougespillt krut, dat mam eenzegen Zil fir der ADR-Politikerin ze schueden!

 

Deel dëse Post: