Wéinst inakzeptabelen Aussoen: Plainte géint Chefredakter vum Tageblatt

Den 13. Januar 2022 hunn déi zwee ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser a Fred Keup eng Plainte beim Parquet Lëtzebuerg géint de Chefredakter vum Tageblatt, den Här Dhiraj Sabharwal gemaach wéinst inakzeptabelen Aussoen.

Den Här Sabharwal hat déi zwee Deputéierten am RTL Presseclub vum 9. Januar 2022 als „nidderträchteg Knaschtsäck“ bezeechent.

D’ADR bekennt sech ouni Aschränkung zur Fräiheet vun der Press. Dovun ze ënnerscheede sinn awer perséinlech Frechheeten a Beleidegungen. Hei ass eng Grenz an engem inakzeptabele Mooss iwwerschratt ginn.

Unhang

Ofschrëft vun der Interventioun vum Här Sabharwal am RTL-Presseclub vum 9. Januar 2022:

„Et gi Momenter och an engem Land wou’s Du muss soen et geet duer.

Et geet deck, deck duer an et geet och mat deene Jongen duer well se hu lauter Leit do sëtzen, esou feiner, esou Biedermänner a si laachen, deen een en Diplomat, deen aneren e geniale Geosproff, et si jo esou ganz gedam Leit a wat sinn dat dach fir Gudder, an et muss een eng Kéier soen, Dir sidd doudgeféierlech, Dir sidd dat wat Dir ëmmer sot fir d’Lëtzebuerger hei, Dir sidd fir iwwerhaapt näischt do, Dir maacht dat Land futti, Dir stitt fir näischt, Dir sidd nidderträchteg Knaschtsäck, et deet mir Leed dat ze soen a se kënnen och lo ech weess net wat domadder maachen.

Si maachen eppes wat an deem Land hei nach net war, an zwar datt alleguerten déi di sech bis elo net getraut hunn, dat hunn ech och gesinn, dat geet deelweis bis an de Rassismus eran, ech kucken elo net iwwert den Dësch, ma et sinn och aner Saache vu Morddrohungen net just bei eis mä och beim RTL, wa mir bis do ukommen an déi Leit maachen da wéi wann se näischt domat ze dinn hätten, dat ass Hypokrisie an Opportunismus ouni Grenzen, et deet mer leed.

An dat ass dat fir villäicht an e puer Wierder ze soen, do ass immens schwéier ze soen, ignoréiers de se nach, mir sinn doriwwer eraus et leeft virun, oder klapps de op se drop a kucks dass Du si ausgebremst kriss, an ech mengen dass dat eis Missioun de Moment ass, op d’Gefor hin datt se Plateau kréien deen se guer net verdéngt hunn, keng Zeil éierlech gesot.“

 

Matgedeelt vun der ADR (13. Januar 2022)

Deel dëse Post: