Ongeimpft, kee Recht op eng Ambulanz?

Ganz rezent krut d’ADR vun engem Bierger e Fall zougedroen, dee Multipel Skleros huet an deen, aus gesondheetleche Grënn, net géint de Covid geimpft ka ginn. Am Hierscht ass de Mann positiv op de Coronavirus geadr ginn, hie war krank an hat schwéier Symptomer, dorënner och Otemnout. Dem betraffene Mann seng Duechter huet d’Ambulanz misse ruffen. Op der Plaz ukomm, huet d’Ambulanz-Personal dem Mann matgedeelt, datt si hien net kéinte mathuele well en net geimpft wär. Dat ass him kuerz drop souguer eng zweete Kéier geschitt.  Hei stellt sech déi grouss Fro: Gi Bierger déi keng Covid-Impfung hunn net méi an der Ambulanz matgeholl.

 

 

Deel dëse Post: