Respekt viru Kultur an Architektur w.e.g.

D’Gebuertshaus vum Aloyse Kayser zu Miersch – schéin ausgewise mat enger Gedenktafel fir de Gewerkschaftler an Eisebunner – soll anscheinend ofgerappt ginn. De Fred Keup freet d’zoustänneg Ministere firwat. Well ee weess, wéi séier de Bagger hei am Land fiert, freet hien och direkt, wat mat der Plack soll geschéien, wann d’Haus sollt verschwannen.

Fro

Zu Miersch steet dem Aloyse Kayser säin Heemechtshaus. Um Haus ass eng Plack, déi drop hiweist: „Geburtshaus vum Volleksfrönd“. Eisen Informatiounen no soll dëst Haus ofgerappt ginn. Duerfir wëll ech dës Froe stellen:

  1. Kënnen d’Madamm an den Här Minister bestätegen, datt dat betraffent Haus soll ofgerappt ginn?
  2. Wéi gesäit a begrënnt de „Service des sites et monuments“ d’historesch, kulturell an architektonesch Bedeitung vun dësem Haus?
  3. Am Fall, wou de Service vum Kulturministère dëst Haus als wichteg an erhalenswäert aschätzt, firwat gëtt sech net doru gehalen?
  4. Wat geschitt mat der kommemorativer Plack, wann d’Haus sollt ofgerappt ginn?

Äntwert

Äntwert vun der Kulturministesch, Sam Tanson, an dem Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, François Bausch, op d’parlamentaresch Fro n° 5293 vum 25 November 2021 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup.

 Zu Rolleng an der Gemeng Miersch steet dem Aloyse Kayser säin Heemechtshaus (2A, rue de Luxembourg). Am Kader vum wëssenschaftlechen Inventaire deen den Service des sites et monuments nationaux (SSMN) zu Miersch konnt ofschleissen, gouf dëst Gebai reperéiert, analyséiert an als schützenswäert agestuuft, dat mat folgender Motivatioun :

„Net wäit vun der ‚rouder Bréck’, déi iwwer d’Uelzecht an d’Eisebunnssgleiser féiert an d’Grenz tëschent Miersch a Rolleng markéiert, steet dat klengt Barriershaischen direkt bei der Gleiser. Dat Gebai gouf 1870 gebaut an huet dozou gedéngt, d’Gleiser fir der Afaart an d’Gare vu Miersch z’iwwerwaachen. Um Rez-de-Chaussée waren de Büro an de Signalisatiounsraum vum Garde-barrière, deen um Stack doriwwer gewunnt huet. Trotz enger gewësser raimlecher Distanz gehéiert d’Gebai zum (schonn national geschützten) Ensembel vun der Mierscher Gare. Et ass ee seelenen an historeschen Zeie vum fréien Eisebunnswiesen zu Lëtzebuerg an domat och vum deemolege Stand vun der technescher Entwécklung. Zudeem ass et eent vu just nach enger Handvoll Barrièreshaisercher, déi un der Linn vu Lëtzebuerg op Ëlwen iwwerliwwert sinn. Seng ofliesbar Entwécklungsgeschicht a seng authentesch Bausubstanz zeechnen et aus. Als Gebuertshaus vum Aloyse Kayser kënnt dem Bauwiersk een nationalen Erënnerungswäert zou.

Eng Plackette un der südlecher Giewelsait weist d’Inschrift ‚Geburtshaus / vum Volleksfrönd / ALOYSE KAYSER / 29.1.1874‘ an erënnert un de Politiker, Gewerkschaftler an Eisebunner, deen op dësem Datum hei gebuer gouf. Den Aloyse Kayser (1874-1926) huet am Alter vun 20 Joer seng Carrière bei der Eisebunn ugefaang, wou hien ‚Oberbahnhofsaufseher‘ gouf.1 Hien war Matbegrënner vun der gewerkschaftlecher Beweegung zu Lëtzebuerg a gouf 1908 fir d’éischt fir d’sozialistesch Partei an d’Chamber gewielt.2

Dem Aloyse Kayser säi Gebuertshaus ass als Lieu de mémoire an duerch déi doriwwer eraus erfëllte

Krittären national schützenswäert.“

Et si secherheetstechnesch Grënn, déi maachen datt et Iwwerleeungen zum Ofrappe gëtt.

Tatsächlech plangt d’CFL, als Gestionnaire vun der Eisebunnsinfrastruktur am Accord mat der Gemengeverwaltung vu Miersch, d’Ofrappe vun dësem fréiere Barrièreshaus, well dëst Gebai ze no bei den Eisebunnschinnen ass. D’Haus läit och bannent dem elektresche Gabarit vun de liewegen Eisebunnsinstallatiounen, sou datt all Interventioun un dësem Gebai eng Ennerbriechung vum Schinneverkéier erfuerdert. Fir d’Entwécklung vun der Eisebunn an d’Sécherheet vum Schinneverkéier, wéi och déi vun Drëttbewunner nieft der Eisebunnsstreck ze garantéieren, kann dëst Gebai net erhale bleiwen. Eng Gedenkstèle, déi d’Gedenkplack vun der Fassad integréiert, gëtt bei dësem Site installéiert.

 

Deel dëse Post: