Wéi e Chrëschtdag fir déi sozial Schwaach?

Vill Leit an eiser Gesellschaft si mat ëmmer méi grousse finanzielle Problemer konfrontéiert. Niewent de Präisser fir d’Wunne klammen och d’Energiepräisser rasant. Gas, Mazout, Sprit an och d’Elektresch sinn esou deier wéi scho laang net méi. Mat enger Hausse vun iwwer 30% bannent nëmmen engem Joer ass Lëtzebuerg dat Land an der Europäescher Unioun wou d’Energiepräisser am séierste geklomme sinn.

D’ADR fuerdert dowéinst, datt d’Regierung dréngend muss Decisiounen huelen, déi besonnesch sozial méi schwaache Leit géingen hëllefen. Kee soll Chrëschtdag an enger Situatioun sinn, wou e mol net méi seng Heizkäschte ka bezuelen a keen däerf duerch d’Regierungspolitik an eng Situatioun gedrängt ginn an där en net méi kann um soziale Liewen deelhuelen!

D’ADR fuerdert konkret dës kuerzfristeg Moossnamen:

Am Kader vun den Energiepräisser:

  • D‘CO2- Steier ofzeschafen oder wéinstens keng Erhéijung vun där Steier op den 1. Januar virzehuelen;
  • D’Unhiewe vum Seuil fir vun der „allocation de vie chère“ kënnen ze profitéieren;
  • D’Aféierung vun enger Avance op d’ «allocation de vie chère »;

Am Kader vun der COVID-Situatioun:

  • D’Nees-Aféierung vu gratis Schnelladrer a PCR Tester fir net och nach viru Chrëschtdag déi sozial méi Schwaach iwwerméisseg ze belaaschten oder si esouguer vum soziale Liewen auszeschléissen.

Steierlech Moossnamen:

  • Reformen zu Gonschte vun den elengerzéiende Leit;
  • Ofschafung vum steierleche Reklassement vu Wittleit.

 Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: