“Youth for climate” a Schoulflicht

«Youth For Climate Luxembourg» huet fir de Freideg, 24. September 2021, zu enger Groussdemonstratioun géint de Klimawandel opgeruff. Obschonns keen demokratesche Mënsch d’Demonstratiounsrecht a Fro stellt, ass et dach awer erstaunlech, datt dës Manifestatioun eng Woch no der Rentrée stattfënnt. Et wier och ze iwwerleeën, ob an dësem spezielle Fall d’Demonstratiounsrecht net a Konflikt geréit mat der Schoulflicht. Wier et net besser, d’Schüler géifen op hirem schoulfräie Samschdeg op d’Stroosse goen?

Deel dëse Post: